Search

You may also like

dislike
Wahl-Puzzel: En Iwwerbléck vum Minett
Money Neiegkeeten

Wahl-Puzzel: En Iwwerbléck vum Minett

Viru 14 Deeg ware mir Wielen. Deen een ass mam

Den Ierfgroussherzog besicht de Krautgaart zu Stengefort
Money Neiegkeeten

Den Ierfgroussherzog besicht de Krautgaart zu Stengefort

Gëschter huet S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume de „Krautgaart“ zu Stengefort

Spuenien verweigert sech!
Money Neiegkeeten

Spuenien verweigert sech!

Wat brauch een Accorden oder europäesch Verträg wann zu gudder

money

Dat hat Lëtzebuerg nach gefeelt

Wuesstem brauch eist Land: qualitativ héichwäerteg, sozial an ëmweltverdréiglech… et voilà

Dat hat Lëtzebuerg nach gefeelt

Et heescht den Akafszenter vu Beetebuerg (deen si trotz oder och vläicht wéinst dem Brexit mam engleschen Numm „Shopping Park Bettembourg“ versinn hunn) géif schonn nächste Freideg (28. Februar) de Clienten seng Dieren opmaachen. Dobäi ass déi offiziell Ouverture op den 28. Mäerz festgeluecht ginn. Da kënnen d‘Clienten och eréischt vun den Ouverture-Offere voll profitéieren.

Mee datt ass jo egal. De Konsument ass bekanntlech Virwëtzeg wéi all näischt Gutts an esou wäert sech de nächste Freideg dat ganzt Land op 235 Lëtzebuerger-Strooss zu Beetebuerg (Hotel Ibis – A3 Sortie Léiweng) afanne fir sech ze iwwerzeegen, datt et derwäert ass bis Enn Mäerz ze waarde fir vun de beschten Offere profitéieren ze kënnen. Hei wäert et en héicht Verkéiersopkomme ginn.

Dësen Akaafstempel mat seng 25.000 Quadratmeter ass d‘Zukunft a stellt alles wat et bis ewell hei am Land gëtt an de Schied. Net emol dat grousst Luxus-Kafhaus um Aldringen kann deem gerecht ginn. 14 Enseignen – natierlech nëmmen dat bescht wat de Kommerz am Land wéi och eigentlech a ganz Europa ze bidden huet – bidden esou zimlech alles un wat Mënsch an Haushalt esou brauch.

Et gëtt Bankservicer déi vun der BIL ugebuede ginn, fir ee leckert Stéck Kuch aus industriell héichwäerteger Produktioun sollt ee bei de Fischer goen, alles fir d‘Menagerie gëtt iech beim Fressnapf opgedëscht, ass Qualitéit net de Kritär mee de Präis schonn, da kuckt beim Action Shop eran. Eng Epicerie huet et och, an néierewou gëtt een esou gutt Zerwéiert wéi beim Delhaize.

Wéi ee gesäit, esou eppes fënnt sech an der ganzer Ëmgéigend keng zweemol, jo net emol déi schéinste Stad am Land – gemengt ass hei Diddeleng – kann do mathalen, an dobäi hu dach si „richteg Akafen“ eigentlech erfonnt. An dësen Akafszenter bitt net nëmmen eng wirtschaftlech Komponent, nee och et gëtt och eng sozial: 80 nei Aarbechtsplaze goufe geschafen a si scho besat.

Et heescht datt ee vill wäert drop geluecht hätt, datt de Client vu kompetente Mataarbechter – op Wonsch och a franséischer Sprooch – beroden an/oder zerwéiert gëtt. Mat sengen 264 Parkplazen (Gratis) muss een net op de gratis ëffentlechen Transport zeréckgräifen, fir ee gemitterlechen Dag an engem natierlechen Ëmfeld ze genéissen. Méi dozou fannt dir ënner www.shoppingpark.lu

Related topics Akafszentrum, Beetebuerg, Kommerz, Konsum, Shopping Park
Next post Previous post