Search

You may also like

What the Fakt – 74 Käerze fir de Rod Stewart!
Neiegkeeten

What the Fakt – 74 Käerze fir de Rod Stewart!

Haut kann een dem britesche Rock- a Pop-Museker gratuléieren. De

Nascar: De Gil Linster ass zeréck
Neiegkeeten

Nascar: De Gil Linster ass zeréck

Nodeems de Pilot (gezwongenermoossen) e puer Méint keng Konkurrenz déi

De Film „Streams“ kënnt op Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De Film „Streams“ kënnt op Lëtzebuerg

Nodeems „Streams“ an der Selektioun vun der 74. Editioun vum

Net emol dat mam Waffegesetz kréien se hin

19 formell Oppositioune vum Staatsrot fir e Gesetz dat onverständlech a juristesch net ze halen ass

Net emol dat mam Waffegesetz kréien se hin

Datt een als Regierung net nëmmen d‘Wuel vu senge Bierger, mee och deen hir Sécherheet am A soll hunn, dat ass net nëmme verständlech mee virun allem eng Prioritéit. Datt sech eis Regierung mat Prioritéiten eppes schwéier deet, an zuweilen och iwwert d‘Strengt schléit, bedauerlech…

An dobäi ass en neit Waffegesetz zu Lëtzebuerg och schonn dowéinst noutwenneg, well domadder der Direktiv EU/2017/853 vum EU-Parlament – déi d‘Direktiv 91/477/CEE ofléist – Rechnung soll gedroe ginn. Eigentlech hat dës EU-Direktiv bis Mëtt September d‘lescht Joer solle ratifizéiert ginn, mee dësen Termäin konnt d‘Regierung net anhalen. Dofir krut mir dann och vu Bréissel eng Ruge.

Et huet ee sech dunn nach misse bis an de Mäerz gedëllegen, bis de Justizminister Félix Braz (déi gréng) de Gesetzprojet (7425) deponéiert huet. Hien hat sech virgeholl ee nach méi restriktiivt Gesetz virzeleeën, wéi dat vun der EU-Kommissioun gefuerdert ass, an huet – esou zumindest déi allgemeng Meenung – domadder zolidd iwwert d‘Strengt geschloen. Elo den Avis vum Staatsrot.

Aus dësem geet ervir, datt d‘Gesetz esou wéi aktuell virläit, deel onverständlech an net prezis ass, an et zousätzlech eng helle Wull u Kontradiktiounen enthält. De Staatsrot huet dann och net manner wéi 19 formell Oppositioune virgeluecht. Déi meescht vun den „Oppositioune“ bezéien sech op juristesch „Onsécherheeten“, mee net nëmmen. Dobäi war d‘EU-Direktiv a sech schlësseg.

Wat eigentlech sollt sinn

Den europäesche Legislateur wollt mat senger Direktiv eigentlech d‘Harmoniséierung vun der Kontroll bei der Uschafung an der Detentioun erreechen. Bréissel huet et awer de Memberlänner iwwerlooss, déi eenzel Sparten (d‘Recht eng Waff ze droen – d‘Juegd – de Schéisssport) ze regelen. Zil vun der Direktiv ass et géint den Terrorismus virzegoen, net d‘Bierger ze kriminaliséieren.

An elo ass et dann och esou, datt déi „Concernéiert“ op d‘Barrikade ginn. Virop d‘Sammler, déi esou guer kee Versteesdemech fir dem Felix Braz säi Virstouss hunn. Esou heescht säitens der SCAL (Lëtzebuerger Gesellschaft vun de Waffesammler) datt de Gesetzprojet vum Justizminister däitlech iwwert d‘EU-Direktiv eraus geet an sech net emol „approximativ“ un d‘Grondlagen hält.

Waffegesetz

Laut den Zuelen op déi mir zougräife kënnen, besëtzen zu Lëtzebuerg ronn 15.000 Persounen alles an allem 94.000 Waffen (Stand: Januar 2018) woubäi et sech heibäi net nëmmen ëm Feierwaffen handelt, mee all Objet deen als „Waff“ bezeechent gëtt, opgelëscht ass. Wéi vill der dovunner als „Feierwaff“ agestuuft sinn, geet aus den Zuele vum Ministère net ervir.

Et gëtt bestëmmt säitens der Regierung ee ganz gudde Grond, firwat den Avis vun der SCAL zum Gesetzprojet net op der Internetplattform vun der Chamber ugewise gëtt. Et wier jo net gescheit déi betraffen och nach zu Wuert kommen ze loossen. Et ass jo imminent méi wichteg, sech eleng op d‘Avise vun der Handels– an/oder Handwierkerkummer ze verloossen. Déi si Regierungsfrëndlech.

Déi gréng an hir Duebelmoral

Datt déi gréng zu Lëtzebuerg neierdéngs bereet ass sech un all Krich ze bedeelegen an entgéint hire fréiere Grondsätz oprëschten, datt e muss fäerten et géif gläich nees lassgoen, steet dann nees zolidd a Kontradiktioun mat deem virgeluechte Waffegesetz. D‘SCAL verweist dann och op den Artikel 6 am Gesetz, deen de komplette Verbuet fir de Besëtz vu Waffen aus der Kategorie „A“ bestëmmt.

Heimatter si „Krichswaffe“ gemengt, woubäi alles an een Dëppe gehäit gëtt. D‘Sammler hunn dann och bal nëmmen dëser Flënten, déi awer essentiell aus dem éischten an/oder zweete Weltkrich sinn. Behalen dierft een dës nëmme wann se „neutraliséiert“ géifen, wat verschidde Problemer verstoppt. Zum enge verléieren d‘Waffen hire Wäert, zum anere verstéisst de Minister géint d‘Besëtzrecht.

Bosseg de Fait – an dat hunn Staatsrot a SCAL richteg erkannt – datt wann d‘Waff bis neutraliséiert ass fält se an d‘Klass C40. Neutraliséiert bedeit awer, datt dat wat emol eng Waff war, beschtefalls nach als e Stéck Stol ass, mat deem een héchsten engem de Kapp aschloe kann. Dat geet iwwregens och mat engem Biesemsstill oder engem Steen. Et bleiwen also och dann nach Contrainte bestoen.

Randnotiz

Wann et flott ass ze gesinn, datt wéinstens d‘SCAL un d‘Ëffentlechkeet eruntrëtt fir seng Positioun ze verdeedegen, esou traureg ass et ze festzestellen, datt d‘Veräiner déi Schéisssport bedreiwen, aus Angscht nees an de soziale Medie „geschleeft ze ginn“ eigentlech nëmmen intern kommunizéieren, an eis vu verschiddene Säite gerode gouf, weder de Verband nach e Veräin am Artikel ze ernimmen.

Elo gëtt et awer e Passus am Gesetz (an dee betrëfft och d‘Jeeër) mat deem festgeluecht gëtt, datt et tëscht 23 a 5 Auer verbueden ass Waffen an/oder Munitioun mat sech ze féieren. Fir déi, deenen d‘Schéissen e Sport ass an u Kompetitiounen – och am Ausland – deel huelen, heescht dat, datt si entweder u manner Concoursen deel huelen, oder méi „Congé“ brauchen. Ass awer net wichteg…

Do wou dat mat dëser „Zäitfënster“ awer nees zur Karikatur verkënnt, ass wann een un d‘Juegd denkt. D‘Jeeër si bekanntlech därer déi et mat de „Fréibiren“ hunn, an do ass 5 Auer Moies scho wierklech „spéit“. Si riskéieren awer bis zu 5 Joer feste Prisong, wa si sech net un déi Zäiten halen. Déi eenzeg déi esou e restriktiivt Gesetz erfreeë kann, sinn all déi wou d‘Juegd ofschafe wëllen.

Related topics ANAF, Felix Braz, FSHCL, Gesetzprojet 7425, Justizminister, SCAL, Waffegesetz
Next post Previous post