Search

You may also like

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt
International Neiegkeeten

D‘USA hunn sech net op de Vereenten Natiounen duerchgesat kritt

E Méindeg ass et den USA net gelongen eng UN-Resolutioun

Vëlosschoul fir Erwuessener
International Neiegkeeten

Vëlosschoul fir Erwuessener

Vum 6. bis de 15. Abrëll bidden d‘Stad Lëtzebuerg a

SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht
International Neiegkeeten

SpaceX huet de lëtzebuergesche Militärsatellit op Orbit bruecht

Um Mëttwoch huet déi amerikanesch Entreprise SpaceX deen éischte lëtzebuergesche

Dat osmanescht Räich huet en neie Géigner

Fir déi éischte Kéier gesteet den tierkesche Gesondheetsminister senge Landsleit, dat et de Covid19 elo och bei hinne géif ginn – bei iwwer 28.000 Neiinfektiounen den Dag konnt een et wuel och net méi verheemlechen…

Dat osmanescht Räich huet en neie Géigner

Déi tierkesch Regierung mat engem reliéis verblennte Sultan un hirer Spëtzt, huet streng geholl bis heihinner den Thema „Coronavirus“ wäitreechend ausgeblend. Strikt nom Motto, wat een net ka gesinn a wat net vun „Uewen“ als bestoend unerkannt gëtt, datt existéiert net. D‘Tierkei mat hirer neier Staatsform ass allerdéngs elo net berühmten Ausnam, aner Natiounen hunn et och gemaach.

Zanter dem Mëttwochowend awer ass d‘Kaz aus dem Sak: op der tierkescher Staatstëlee huet de Gesondheetsminister Fahrettin Koca sech zur Lag am Land geäussert. Säi Gesiicht war eescht, et hat een den Androck, hien hätt sech virum „leschte Geriicht“ ze veräntwerten. De Coronavirus huet also elo och d‘Tierkei voll am Grëff, woubäi an dëser grousser Natioun alles ënner Kontroll ass.

Kléngt interessant, wa gewosst ass, dat bis zu dësem patheteschen Optrëtt, de Fahrettin Koca ni op déi sanitär Kris agaangen ass, jo dës scho bal als „feindlech Propaganda“ duergestallt huet. Elo sinn d‘Tierken net alleguerten op de Kapp gefall, an natierlech war gewosst, datt de Covid19 net virun der Tierkei géif hält maachen. An natierlech hunn och si matkritt, wéi geféierlech de Virus ass.

Op déi vum Gesondheetsminister virgeluechten Zuelen dierft kaum ee virbereet gewiescht sinn. Do si vill Befierchtungen zolidd iwwertraff ginn. Et sinn déi éischt Zuelen iwwerhaapt, an déi kënnen engem schonn eppes Angscht maachen: 28.351 Neiinfektioune vum Dënschdeg op ee Mëttwoch, jo dat ass eng Zuel déi erschreckt. Besonnesch wa gewosst ass, datt an der Tierkei kaum getest gëtt…

Autokraten hu kee Gefill fir Verantwortung

Et war kee fräiwëllegen Optrëtt vum Fahrettin Koca, an et verwonnert och net, datt sech de Sultan Recep Tayyip Erdogan wäit ewech gehalen huet. De wëll wuel nach ëmmer „héich eraus“ vergësst zuweilen, datt do „uewen“ d‘Loft eppes méi dënn ass. Besonnesch wann een a vill diplomatesch Schluechte verwéckelt a ganz oppe fréier dschihadistesch Milizen an den eegene Reien ophëlt.

Wirtschaftlech geet et der Tierkei och net gutt. D‘Staatskeese sinn eidel, déi tierkesch Lira well kee Mënsch an d‘Investisseure leeën de Goss léiwer anzwousch un, wou et realistesch Perspektiven op Gewënn gëtt. A well d‘AKP sech mam President un der Muecht festhält wéi de Geck un de Bengel, versicht d‘Regierung et elo mat Verantwortung… also zumindest rhetoresch. Et gëtt Widderstand.

Zanter Méint fuerderen Oppositioun a Wëssenschaft/Gesondheetsdéngschter vun der Regierung déi reell Zuelen op den Dësch ze leeën, endlech déifgräifend Moossname fir d‘Gesellschaft ze huelen an en ëmfaassende gesondheetspoliteschen Noutfallmanagement zouzeloossen. Si huet et veriergert, datt nëmmen déi „gezielt“ goufen, wou am Spidol waren oder mat Symptomer behandelt goufen.

An déi Zuele goufen och nëmme genannt, well se sech net konnte verheemleche loossen. Hätt de Fahrettin Koca och um Mëttwoch dës Zuelen ugewannt, wieren et statt den iwwer 28.000, ganzer 6.814 Neiinfektioune gewiescht. Blöd fir d‘Regierung, et war de Beruffsverband vun den Dokteren, deen ugangs der Woch den Alarm ausgeléist, a juristesch ee grousse Risiko op sech geholl huet.

Muecht muss och ëmmer „legitim“ sinn

De Conseil vun den Dokteren hat aus eegene Stécker eng Enquête bei de Generaliste gemaach, a si kommen och nach wesentlech méi dramatesch Zuelen, wéi se vum Gesondheetsminister elo op der Tëlee presentéiert goufen. De Rot vun de Medeziner geet éischter vu +50.000 Neiinfektiounen den Dag aus, mee och dat ass nëmme geschätzt, well kaum wann iwwerhaapt Tester gemaach ginn.

D‘Presidentin vum Beruffsverband, Sebnem Korur Financi, werft der Regierung vir, d‘Zuelen ze verdréien, fir sech un der Muecht ze halen. A wärend deem stierwen ëmmer méi Patienten an, wat ëmmer méi beonrouegend ass an zuweilen ee richtege Problem gëtt, all Dag hëlt d‘Personal am Gesondheetssecteur of. Jo och déi, d‘Dokteren an d‘Soignanten, stierwen um Covid19-Virus.

Si ass veriergert doriwwer, datt d‘Regierung der Bevëlkerung erzielt, datt ee gutt opgestallt wier, d‘Spideeler an d‘Pandemiezenter ausräichend Better a Personal hunn. Deem wier faktesch net esou, fräi Intensivbetter gëtt et nëmme wann ee stierft an d‘Soignante brieche mëttlerweil vu Middegkeet schonn op der Aarbecht zesummen. Mesure fir deem ze begéine gëtt et keng, déi bréicht et awer.

Apropos Mesuren. Déi gëtt et a sinn zanter dem 20. November a Kraaft. Esou gëtt et elo och an der Tierkei eng Ausgangsspär, dat awer nëmme fir de Weekend. Den Horesca-Secteur gouf zougemaach an d‘Kultur (Theater & Kino) ugehalen. Leit iwwer 65 Joer dierfen nach just tëscht 10 an 13 Auer d‘Haus verloossen, jugendlecher ënner 20 Joer, vun 13 bis 16 Auer. D‘Schoule sinn och zou.

Eng gutt informéiert Bevëlkerung ass ee Risiko

Autokratesch Systemer funktionéieren am Beschte wann déi Aussoen déi ee mécht net kënne vun de Leit gepréift ginn. Mat Milliounen un Tierken déi iwwert d‘Welt verdeelt sinn an engem Internet dat alles präisgëtt wat sech op der Welt ofspillt, kann een de Leit net méi alles zoumudden, ouni se sech zum Feind ze maachen. D‘Tierke wëssen also wéi een an der Europäescher Unioun d‘Kris ugeet.

Wärend a ville Länner vun der Unioun, deels drastesch bis inkoherent Moossnamen duerchgesat ginn, datt dann awer mat zumindest „Resultater“, geet an der Tierkei d‘Liewe weider. D‘Geschäfter sinn op, d‘Déngschtleeschtunge wéi Coiffer an/oder Fitnesszenter gi weider ugebueden. Et steet och ausser Fro, d‘Moscheeën oder soss reliéis Zenter zouzemaachen. Dat awer wier ee Problem…

Besonnesch d‘Milliounemetropol Istanbul – hei liewen „offiziell“ 16 Millioune Mënschen – ass voll betraff. D‘Doktere schätzen datt 40% vun den Infektiounsfäll sech op d‘Metropol um Bosporus konzentréieren. Esouguer de Buergermeeschter Ekrem Imamoglu huet de Covid19 erwëscht an hie stellt déi presentéiert Zuelen a Fro. Zudeem mécht hie sech Suergen iwwert d‘Entwécklung.

Op Nofro huet den oppositionelle Politiker confirméiert: „Ech schlofen nuets kaum nach. Zu Istanbul läit Zuel vun de Begriefnisser am November bei ronn 180 bis 200 den Dag. Aktuell sinn et bis zu 450 Begriefnisser. Dir sollt also wëssen, datt mir hei zu Istanbul an enger wierklech ganz schwiereger Situatioun sinn“. A jo de Mann huet Recht, mee ob dat schon duer geet?

mat indymedia/tlv

Foto: Zumindest sinn déi meeschten Awunner vun Istanbul gebilt genuch, an hu verstanen, datt ee sech schütze muss. © Hadi Yazdi Aznaveh / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Fahrettin Koca, Gesondheetsminister, Moossnamen, Sultanat, Tierkei
Next post Previous post