Search

You may also like

Brasilien gëtt zur Gefor fir d‘Weltgemeinschaft
Meenung Neiegkeeten

Brasilien gëtt zur Gefor fir d‘Weltgemeinschaft

Gesondheetsminister a Brasilien sinn, heescht ee prekäre Job unhuelen a

surprise
Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall
Meenung Neiegkeeten

Volleyball: D‘Minettsdäpp iwwerraschend awer verdéngt an der Coupe-Finall

Um Freidegowend war et dann no den Halleffinalle vun den

Den ACL verdeedegt eng Politik vun der globaler Mobilitéit
Meenung Neiegkeeten

Den ACL verdeedegt eng Politik vun der globaler Mobilitéit

Am Kontext vun de Chamberwahlen am Oktober, huet sech den

„Dat wäert schonn alles gutt ausgoen“ (Kommentar)

Ee Brexit an den onermiddlechen Optimismus vum Lëtzebuergeschen Ausseminister

„Dat wäert schonn alles gutt ausgoen“ (Kommentar)

Firwat Politik am grousse ganzen, an d‘Politiker am besonneschen esou beméit sinn de Wieler eng vun der Gees oder dem grénge Päerd ze erzielen, huet mat grousser Sécherheet en Zesummenhang mat dem desolaten Zoustand vun der Bildung ze dinn, mee wuel net nëmmen.

An esou ergëtt et sech datt, obwuel deem dommsten am Land an der tëscht dierft ersiichtlech sinn, datt déi brittesch Regierung guer net un engem Ofkommes mat der EU interesséiert ass, een dem Jean Asselborn seng Ausso géintiwwer der Däitscher Presseagence DPA eppes relativiséiere muss. Dëser huet de Lëtzebuerger Ausseminister erkläert, datt hien iwwerzeegt wier, datt et net zu engem „No Deal“ komme wäert. Hien hält d‘Haltung vun de Britten, fir politescht „gepokers“ an ee Bluff.

Wéi kënnt den déngschteelsten europäeschen Ausseminister, dee sech jo sollt op Erfarungswäerter kënne beruffen, dozou unzehuelen, datt just wëll d‘Britte ganz vill – gemengt ass méi wéi d‘EU – ze verléieren hunn, si engem Handelsaccord géifen zoustëmmen, deen: dixit BoJo „Vu kengem brittesche Premierminister jeemools gezeechent gi wier“? Et ass méiglech, datt de Jean Asselborn d‘Ausso vun der EU-Kommissiounspresidentin vum Mëttwoch eppes ze wuertwiertlech hëlt.

Richteg, d‘Ursula vun der Leyen huet gëschter behaapt, datt et ee schmuele Wee zur Eenegung géif ginn, mee déi selwecht Fra war an Däitschland als Krichsministesch och dovunner iwwerzeegt, datt et de Bundeswehr un näischt géif feelen an déi bëssi Maintenanceaarbechten un der Gorch Fock jo kaum zu Buch schloen. Mee esou ass de Jean Asselborn, eng Frounatur an en Optimist, an et geet dann och nach dorëms, datt d‘EU sech herno histellen an behaapte kann: „Mir hunn alles versicht“.

Anersäits huet eisen Ausseminister net onrecht drop hinzeweisen, datt d‘Wirtschaftsacteure mee och d‘Finanzmäert versichen Drock op d‘Regierung auszeüben. Hie mengt wuel datt d‘Gewerkschaften do och géifen en Wuert matzeschwätzen hunn, wat nach ze beweise wier. An déi sinn et ganz kloer net déi den Handelsaccord ënnerschreiwen an ratifizéiere wäerten. Mee de Stengeforter huet säin eegene Kapp, an et ass jo schéi viru Chrëschtdag eppes Zouversiicht an eis kal Häerzer ze bréngen.

Illustratioun: De Jean Asselborn; géif et eng Auszeechnung fir ongehemmten Optimismus, wier se fir hie bestëmmt. © European Unioun (Archiv)

Related topics Brexit, EU-Kommissioun, Europäesch Unioun, Groussbritannien, Handelsaccord, Jean Asselborn, Leave EU, No Deal, Ursula von der Leyen
Next post Previous post