Eng gemeinsam Vergaangenheet, eng zolidd gemeinsam Zukunft

Se si Frënn, ware Konkurrenten, an hunn elo decidéiert nees zesummen ze schaffen. Dës Woch gouf offiziell matgedeelt, datt Datacenter.eu Aktionär an domat och e wichtegen Investor vu Mixvoip gëtt. Béid Entreprisen erhoffe sech déi jeeweileg Stäerkten zesummen ze leeën an dem Client de beschtméigleche Service z’offréieren.

2004 hunn de Loïc Didelot a Pascal Knebler nach selwer fir Datacenter.eu geschafft, ier dunn véier Joer méi spéit Mixvoip gegrënnt ginn ass. D’Firma ass schnell gewuess an huet schliisslech 2019 d’Divisioun Voipgate vun der Konkurrenz ofkaaft.

Déi véier Haaptmänner – de Loïc Didelot, Manuel Coelho, Xavier Buck a Pascal Knebler – hu sech also kannt, wousste wéi den anere schafft a mam Wuesstem huet sech schliisslech d’Fro no enger erneiter Partnerschaft opgestallt.

An als zwee staark Acteuren soll hir Synergie de beschtméigleche Service fir de Client, Qualitéit a Sécherheet bereetstellen. Esou kann ënnert anerem e méi breede Reseau ofgedeckt, super schnell Verbindungen, Begleedung an och Hëllef bei Systemausfäll gebuede ginn. D’Servicer ginn un d’Besoine vum Client ugepasst a schliisslech fënnt dësen och alles wat e braucht, op enger Plaz.

Ma, grad an Zäite vun Teletravail ass et essentiell, dem Clienten souwuel um Büro wéi och bei der Aarbecht vun Doheem aus déi néideg Qualitéit a Sécherheet ze bidden. Wéi ee gesäit sinn et net nëmmen Datacenter.eu a Mixvoip, déi vunenee profitéiere kënnen, mee och d’Mënschen déi hir Servicer erreeche sollen, déi esou profitéieren.

Dernières nouvelles