Search

You may also like

Rock The South 2019: D’Bands sti fest!
Neiegkeeten

Rock The South 2019: D’Bands sti fest!

Virun engem Mount ass den Opruff fir jonk Bands erausgaangen,

Vëlosschoul fir Erwuessener
Neiegkeeten

Vëlosschoul fir Erwuessener

Vum 6. bis de 15. Abrëll bidden d‘Stad Lëtzebuerg a

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)
Neiegkeeten

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Sonndeg, de 5. Juli 2020

DataThings als neie Fuerschungspartner fir Computervisioun

DataThings als neie Fuerschungspartner fir Computervisioun

Den interdisziplinären Zenter fir Sécherheet, Zouverlässegkeet a Vertrauen (SnT) vun der Universitéit Lëtzebuerg ass elo eng Partnerschaft mat DataThings agaangen, fir d’Fuerschung iwwer intelligent Softwaresystemer, déi spezifesch Erausfuerderunge vun der Industrie duerchféieren, ze fërderen.

Am Kader vum éischte Fuerschungsprojet vun dëser Partnerschaft tëscht SnT an DataThings gëtt ënnersicht ewéi d’Computervisioun-Technologie esou ugepasst ka ginn, datt si d’Qualitéitskontroll an industriellen Uwendungen ënnerstëtzt.

D’Entreprise setzt aktuell op kënstlech Intelligenz an Technologie vum maschinelle Léieren zur Veraarbechtung vun numerescher Daten an. D’Häerzstéck vun den DataThings-Softwaresystemer ass déi sougenannt Greycat-Technologie. Hannert dësem Numm verstoppt sech een Ubidder vu maschinellem Léiermaterial zur Veraarbechtung vu Live-Daten an zur Bereetstellung vu Geschäftsanalysen a Prognosen.

D’Cliente vun DataThings setzen dës domänspezifesch kënstlech Intelligenz zur Iwwerwaachung vun hiren Infrastrukturen a Produktiounssystemer an. Doduerch kënnen si Problemer effektiv erkennen a Resultater séier viraussoen, esou datt si hier Ressourcen nei organiséieren an een effiziente Betrib garantéieren kënnen.

Wéi geet et elo weider?

Bei der éischter Notzung geet et am Fuerschungsprojet ëm d’Fro, ewéi visuell Daten zur automatescher Identifizéierung vu Feeler a Produkter, déi an enger Produktiounslinn hiergestallt kënne ginn, fir Qualitéitskontrollen ze stäerken.

,,Den Asaz vu Computervisioun-Technologien an der industrieller Hierstellung zur automatesche Qualitéitskontroll ass noutwenneg, fir den Ufuerderunge vun der moderner Produktioun oder der sougenannter Industrie 4.0 gerecht ze ginn. Dëse Kooperatiounsprojet ass eenzegaarteg, well en eis erméiglecht, Fuerschungsaarbecht am Kontext duerchzeféieren, wouduerch mir Zougang zu proprietärem Domänenwëssen an Daten erhalen, déi mir soss net hätten“, erkläert den SnT-Projektleederin Prof. Djamila Aouada.

,,Fuerschungspartnerschafte mat Entreprisë si wichteg, fir déi technologesch Innovatioun virunzedreiwen, a besonnesch wäertvoll ass et fir eis, datt ee vun eisen eegene Spin-offs op dës Manéier mat eis zesummeschafft.”

E Plus fir béid Zentren

Mat dëser Partnerschaft gouf fir d’éischte Kéier e Spin-off vu SnT zu engem Partenaire. D’Grënnung vun dësem Ofkommen tëscht DataThings a SnT verstäerkt den Erfolleg vu béiden Zentren. SnT konzentréiert sech drop, innovativen Technologiefuerschung aus dem Labo op de Maart ze bréngen, andeems eng Spin-off-Kultur am Fuerschungszentrum gefërdert gëtt.

,,Säit der Grënnung vun dësem Start-up konnte mir aus eegener Hand gewuer ginn, ewéi Fuerschungen zu Léisunge féiere kënnen, déi onse Clienten e Virdeel verschafen. Dës Partnerschaft bedeit fir ons d’Kreatioun vun engem neien Technologiezweig, deen et eis erméiglecht, Erfarungen ze sammelen an eenzegaarteg Léisunge fir eis Clienten ze fannen”, seet de Grégory Nain, Matgrënner a Produktiounsdirekter vun DataThings.

,,SnT stellt eng eenzegaarteg Famill vun Innovateuren duer, a mir hunn ni de Kontakt zu de Mënsche verluer, mat deene mir wärend eiser Zäit do gefuerscht hunn. Et bedeit eisem ganzen Team ganz vill, elo gewëssermoossen als Partenaire ,heem’ ze kommen.”

Opmaacherbild © Clint Adair / Unsplash

Related topics DataThings, Grégory Nain, Greycat, kënschtlech Intelligenz, Prof. Djamila Aouada, Prognosen, SnT, Technologie, Uni.lu, Zenter fir Sécherheet Zouverlässegkeet a Vertrauen
Next post Previous post