Search

You may also like

Lëtzebuerger Start-up MANDEXPA huet de gréisste Reseau vun Agencen
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Start-up MANDEXPA huet de gréisste Reseau vun Agencen

Manner wéi ee Joer zënter hirem Start, huet déi lëtzebuergesch

Hurrikan Dorian: Vun der Karibik bis an den héijen Norden
Neiegkeeten

Hurrikan Dorian: Vun der Karibik bis an den héijen Norden

Immense Schued op de Bahamas, Chaos un der amerikanescher Ostküst

Ee Plädoyer géint Kapselkaffi!
Neiegkeeten

Ee Plädoyer géint Kapselkaffi!

Kapsel Kaffi, dee grousse Marketing Erfolleg vun Nestlé a Keurig. Mat

Dateschutz: D’Reklamatiounen hu sech 2018 verduebelt

Dateschutz: D’Reklamatiounen hu sech 2018 verduebelt

Déi national Dateschutzkommissioun (CNPD) huet gëschter hire Rapport vum Joer 2018 presentéiert. Dobäi koum eraus, datt d’Informatiounsufroen a Reklamatiounen däitlech an d’Luucht gaange sinn.

Säit dem 25. Mee 2018 ass eng nei Dateschutz-Grondveruerdnung (DSGVO) erauskomm. Mat dësem Schrëtt gouf een harmoniséierte rechtleche Kader an der Europäescher Unioun geschaf. Op nationalem Niveau gëtt d’DSGVO duerch een neit Gesetz iwwert d’Organisatioun vun der CNPD, sou wéi ee Gesetz iwwert d’Police an déi national Sécherheet ergänzt.

Ee Rekord un Ufroen a Reklamatiounen

Mam Akraafttriede vum neie Reegelwierk geet ee mat engem gesteigerte Bewosstsinn fir d’Erausfuerderungen an d’Problematik beim Dateschutz ervir, sief et bei Professionellen – oder Eenzelpersounen.

Am vergaangene Joer krut déi national Dateschutzkommissioun CNPD ganzer 1.112 schrëftlech Informatiounsufroen. Zum Joer 2017 huet sech dës Zuel méi wéi verduebelt (528 Ufroe fir 2017). Vill Froen hu sech dobäi op d’Anhale vun dem neie Gesetz, op d’Videoiwwerwaachung an d’Rechter vu betraffene Persoune bezunn.

Natierlech ass an dësem Kader och d’Zuel u Reklamatioune staark geklommen. Vill Persoune waren der Usiicht, datt d’Gesetz net respektéiert ginn ass oder et Aschränkunge bei der Ausübung vun hire Rechter ginn ass. Wou am Joer 2017 ronn 200 Reklamatioune bei der CNPD ukomm sinn waren et der am vergaangene Joer 450 Stéck.

Sensibiliséierungs- a Berodungsaarbecht

D’Dateschutzkommissioun huet verschidde Moossnamen am Beräich vun der Sensibiliséierung a Berodung vun de Bierger a Leit vum Fach ergraff. Heizou gehéieren:

  • D’Verdeele vun 12.000 Exemplaire vun der neier Broschür iwwert d’Rechter vum Bierger a verschidde strategesch Plazen am Grand-Duché am Kader vun der Campagne „Är Daten? Är Rechter!“
  • D’Ausschaffe vun neie Leedlinnen a Recommendatiounen zur Videoiwwerwaachung, dem Recht um eegene Bild, den Dateschutzbestëmmungen am Kader vun de Sozialwahlen, sou wéi der praktescher Uwendung fir Veräiner
  • D’Konferenz „Four Decader of Data Protection“ a Presenz vum Premierminister Xavier Bettel an der EU-Kommissärin fir Justiz, Verbraucherschutz a Gläichstellung Vera Jourova
  • Formatiounen duerch méi wéi 86 Konferenze fir Fachpublikum
  • D’Verëffentlechung vun diverse Formulairen (Melle vun Dateschutzverletzungen, Melle vun Dateschutzbeoptragten, Demande fir Consultatiounen), déi zur Vereinfachung vun der Aarbecht vun de Fachleit bäidroe sollen
  • D’Participatioun um Prozess vun der Gesetzgebung mat 27 Umierkungen (5 méi wéi am Joer 2017) zu neie Gesetzes- a Veruerdnungsentwërf am Zesummenhang mam Dateschutz

Audits a Kontrollen op der Plaz

D’Strategie vun der CNPD huet sech am vergaangene Joer duerch sougenannt proaktiv Ënnersichunge weiderentwéckelt. Dobäi ginn a Form vun themateschen Audits, iwwert déi nei Flichten am Kader vum DSGVO, duerchgefouert. Am Joer 2018 goufe 25 esou Audits opgemaach fir ze iwwerpréiwen, ob d’Reegelen agehale gi sinn.

Donieft sinn och Kontrollen organiséiert ginn, déi sech op fréier Virfäll, Reklamatiounen an Informatiounen aus de Medie baséieren. Am Ganze sinn am leschte Joer 12 Ënnersichungen op der Plaz an de Beräicher Videoiwwerwaachung, Geolokaliséierung, Publicitéiten a Marketing duerchgefouert ginn.

Vum mënschleche Versoen

Säit dem 25. Mee 2018 muss een ënnerhalb vun 72 Stonne Bescheed soen, wann een d’Gefill huet, datt de Schutz vun den eegenen Date verletzt ginn ass. Bei der CNPD sinn esou am leschte Joer 172 Dateschutzverletzunge gemellt ginn. D’Haaptursaach fir dës Verstéiss waren ëmmer mënschlecht Versoen.

Och an Zukunft wäert d’Dateschutzkommissioun hir Beméiungen zur Ënnerstëtzung vun de verschiddenen Acteuren an der Ëmsetzung vum Dateschutz viru féieren an d’Kontrolle verstäerken.

Related topics CNPD, Dateschutz, Dateschutzkommissioun, Reklamatiounen
Next post Previous post