Dateschutz

Moien News Media S.A. traitéiert sämtlech Notzer Donnéeën geméiss dem EU Reglement 2016/679, der General Data Protection Regulation (GDPR)

Wéi eng Donnéeë gi vu mir gespäichert, wann ech moien.lu besichen?

Moien.lu benotzt Google Analytics, en Outil, deen erfaasst, wéi vill Besicher wéi laang a wéi oft op eisem Site op eppes klicken. Google Analytics kann d‘Geschlecht an den Alter vun engem Notzer erfaassen, esou wäit d‘Notzer dat hinnen erlaben. Eng Erfaassung a Weiderveraarbechten vun esou Donnéeën kann hei ënnerbonne ginn: http://tools.google.com/dlpage/gaoptout?hl=de

Wéi eng Donnéeë gi vu mir gespäichert, wann ech den Newsletter vu moien.lu abonnéieren?

Fir eisen Newsletter benotze mir Mailchimp. Wien sech den Newsletter abonnéiert, huet d‘Méiglechkeet, eis en Numm ze hannerloossen.

Erfaasst gëtt, op den Newsletter opgemaach gëtt, a wéi eng Linken ugeklickt ginn.

Et kann een sech zu all Moment desabonnéieren an och d‘Läsche vun den Donnéeë beundroen, andeems een eng E-Mail un info@moien.lu schéckt.

Wat kënnen sozial Netzwierker vu mir op moien.lu gesinn?

Wien d‘Funktioun notzt, fir eis Artikelen op Facebook oder Twitter ze deelen, deem seng IP-Informatioune kënne vum jeeweilegen Netzwierk gespäichert ginn.

Weider Informatioune fënns du och op https://www.facebook.com/about/privacy/

Firwat ginn iwwerhaapt Daten erhuewen?

Vue datt Moien.lu eng Plattform ass, déi sech iwwert Reklamme finanzéieren, brauche mer déi Daten virun allem aus Marketing-Grënn, bzw. Fir d‘Relatioune mat den Annonceuren. Dës Donnéeën gi fir de Site selwer mat Google Analytics erfaasst, beim Newsletter vu Mailchimp a bei de Facebook an Twitter vun de Plattforme selwer.

Wéi eng Rechter hunn ech, wat meng Daten ugeet an u wie kann ech mech wennen?

D‘Rechter vun den Notzer begräifen:

  • D‘Recht op Accés
  • D‘Recht op Rectificatioun
  • D‘Recht, vergiess ze ginn
  • D‘Recht, der Erfaassung ze widderspriechen
  • D‘Recht, d‘Veraarbechten ze begrenzen

Kontaktéiere kënnt dir eis via E-Mail: info@moien.lu

Am Fall wou eng Plainte soll gemaach ginn, ka sech all Notzer un Commission Nationale pour la Protection des Données (CNPD) wennen.