Search

You may also like

Si wëllen sech zesummendoen
Neiegkeeten

Si wëllen sech zesummendoen

Den 11. November un sech d‘Gemengeréit vu Groussbus a Wal

Et bleift bei 90 km/h op der Autobunn A1 an A6
Neiegkeeten

Et bleift bei 90 km/h op der Autobunn A1 an A6

Duerch déi positiv Auswierkunge vun der Vitesslimitatioun op 90 km/h

En neien Tapis fir d’Autobunn A13 (11.-14.09.2020)
Neiegkeeten

En neien Tapis fir d’Autobunn A13 (11.-14.09.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Autobunn A13 tëscht der

Lëtzebuerg: D‘Auswäitung vun der Kameraiwwerwaachung verlagert d‘Problemer an d‘Quartieren

Lëtzebuerg: D‘Auswäitung vun der Kameraiwwerwaachung verlagert d‘Problemer an d‘Quartieren

Obwuel duerch d‘Kameraiwwerwaachung an der Stad Lëtzebuerg d‘Kriminalitéit net ofgeholl huet, huet de Preventiounscomité vun der Gemeng, Enn Juli eng beträchtlech Auswäitung vun dëser Moossnam beschloss, wat sech besonnesch op d‘Quartiere Gar a Bouneweg bezitt.

Déi gréng aus der Stad gesinn heiranner eng Mesure déi am Hibléck op d‘Chamberwahlen agesat gëtt. Si sinn dann och der Usiicht, datt dës Moossnam déi duerchaus ganz eescht Problemer am Garer-Quartier net verréngeren, mee déi leedeglech an d‘Nopeschquartiere verlagert.

Aktuell beschränkt sech d‘Iwwerwaachung am Kader vum Projet Visupol op d‘Gelänn vun der Gar, dem Glacis an de Fussballstadion. Déi Iwwerwaachung soll elo mat neie Leeschtungsfäege Panomera-Kamerae verstäerkt ginn. Vun der Mesure si betraff:

  • am Garer-Quartier: d‘Adolphe-Fischer Strooss, d‘Glesener-Strooss, d‘Stroossbuerger-Strooss, d‘Rue du Commerce, Fort Wedell, d‘Stroossbuerger Plaz, d‘Rue Wilson, d‘Rue des Etats-Unis;
  • Bouneweg: d‘Léon XIII Plaz, d‘Bouneweger-Strooss, d‘Rue Sigismond, d‘Ardennerstrooss, an d‘Place du Parc;
  • Uewerstad: déi ëffentlech Plaz vum Royal Hamilius, d‘Aldringer-Strooss, d‘Rue de la Poste an d‘Groussgaass. Och de Vëlo- a Foussgängerpassage vum Pont Adolphe ass betraff.

Déi gréng weisen an hirem Communiqué drop hin, datt et scho viru Joren eng Etüd ginn huet, déi op déi sëlleche Problemer vu Visupol higewisen huet. Si fuerderen dann och eng sachlech Diskussioun iwwert eng méiglech Auswäitung vun der Kameraiwwerwaachung, an eng aktualiséiert wëssenschaftlech Expertise.

Méi Sozialaarbecht statt Kameraen

Si beruffen sech dann och op eng Conclusioun vum franséische CNRS, déi no Iwwerpréiwung vu Studien zur Kameraiwwerwaachung, op ganz ënnerschiddlech Resultater gestouss sinn. Esou hätt een zu Nizza, där Stad mam gréissten Undeel vu Kameraiwwerwaachung a Frankräich, keng präventiv oder ofschreckend Effete feststelle kënnen.

Dat féiert dozou, datt sech déi gréng wonneren, datt grad d‘Argument „Präventioun vu Kriminalitéit an asozialem Verhalen“, wéi och „sozial Problemer“ ugefouert ginn, fir den Asaz vun de Kameraen ze rechtfäerdegen. Fir déi gréng ginn deemno d‘Problemer net manner, se gi just verdrängt. E Constat deen d‘Police an hirem Avis och esou bestätegt hätt.

Et ass ee sech awer och bei déi gréng de Problemer bewosst, déi et op den ugeschwate Plaze gëtt. Dem Bierger allerdéngs eng Sécherheet virzespillen, déi et och mat méi Kameraiwwerwaachung einfach net gëtt, wier de falsche Wee. Si setzen op eng konsequent Verbesserung vun de sozialen Institutiounen an der Sozialaarbecht, wéi och op eng besser Zesummenaarbecht vun allen Acteuren.

Related topics déi gréng, Kameraiwwerwaachung, Stad Lëtzebuerg, Wahlkampf
Next post Previous post