Search

You may also like

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!
Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!

Kommende Méindeg gëtt op der Place Winston Churchill an der

An der Stad gëtt kee Bam vu Muttwëll aus dem Buedem gerappt
Neiegkeeten

An der Stad gëtt kee Bam vu Muttwëll aus dem Buedem gerappt

Bei entspaanter Atmosphär um Mëttwoch huet et mam Stater Schäfferot

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!
Neiegkeeten

Earth Overshoot Day erreecht – Lëtzebuerg op der traureger 2. Plaz!

Et ass wuel ee vun den trauregsten Deeg, déi eist

D‘Bio-Wäilies geet un an do ass eppes Fangerspëtzegefill gefuerdert

Frascht am Fréijoer, Dréchent a Sonnebrand am Summer belaaschten d‘Biowënzer

D‘Bio-Wäilies geet un an do ass eppes Fangerspëtzegefill gefuerdert

Et war keen einfacht Joer fir d‘Biowënzer, déi awer ëmmerhin 4% vun de Wäibaufläche bestellen. Ugefaangen hat et erdenklech schlecht: de Frascht deen an de Nuechte vum 4. a 5. Mee iwwert d‘Riewen hiergefall ass, huet vill bis immense Schued ervirgeruff. Verschiddentlech ass et nach grad emol esou eenegermoossen ausgaangen, mee et gëtt Lagen déi zu 100% geschiedegt goufen.

De Grond läit op der Hand: déi bis dohinner 10 Zentimeter laang Sprëss si vum Frascht esou geschiedegt ginn datt si ofgestuerwe sinn. Zwar dreiwen d‘Riewen dann nach emol aus, mee déi nei Sprëss si kaum Fruchtbar a bilde kleng oder guer keng Drauwen. Esou en Ëmstand gouf et zanter Joerzéngten net méi an esou hunn sech och déi manner betraffe Riewen nëmme lues erholl.

Bio-Wäilies

Esou ass et dann och nëmme ganz lues nees biergop gaangen a déi deels positiv meteorologesch Entwécklung ass der phenologescher Entwécklung entgéint komm. Déi konnt sech nees un de laangjärege Mëttelwäert eruntaaschten. Duerch d‘Fraschtschied hunn sech d‘Riewen heterogen entwéckelt an et war vill Asaz gefuerdert, fir op déi ënnerschiddlech Entwécklungsstänn anzegoen.

En onerwaart waarme Summer

Wann also de Juni sech vu senger Schockelassäit gewisen huet, esou huet d‘Hëtztwell am Juli op en Neits d‘Biowënzer ëm de schlof bruecht. Mat Temperaturen déi ëmmer no u 40°C geleeë waren, ass de Riewen d‘Liewen esou richteg schwéier gemaach ginn. Bedéngt duerch déi zur Sonn higewannt Wäibierger an déi erhéichten Astralung goufen déi 40° an den exposéierte Lagen oft iwwerschratt.

 

Bio-Wäilies

Dat hunn d‘Drauwe guer net gären, an ähnlech wéi déi mënschlech Haut, kréien si e Sonnebrand, Dat geschiedegt Gewebe stierft of an d‘Drauwen dréchnen aus. Dat ass net déi schlëmmste Suerg, well ausgedréchent Drauwe fale vun der Rief of. Mee ënnert der Dréchent leiden och d‘Riewe selwer, an hei si besonnesch déi jonk Riewen iwwer Mooss betraff. Déi brauchen d‘Waasser.

Et ass de Biowënzer dann och net langweileg ginn. Den Opwand fir besonnesch déi staark betraffe Lagen ass keen derlaanscht komm ze bewässeren. Et dierf een och net vergiessen, datt schon 2018 vun Dréchent an Hëtzt gepräägt war. Et kann een, ouni sech ze wäit aus der Fënster ze leene soen, datt „Mediterran“ Verhältnisser virgeherrscht hunn an d‘Hoffnungen op Reen net erfëllt goufen.

Mir dierfen si net fale loossen

Wann et zwar awer nach zu klengen Néierschléi komm ass, esou konnten déi den Defizit net méi opfänken an déi heterogen Entwécklung huet sech fortgesat. D‘Drauwen hu wéineg Saft an si wéinst der Mass staark konzentréiert. Et kann drop verwise ginn, datt obwuel sech d‘Entwécklung am verglach zu anere Jore weder ze fréi nach ze spéit gewisen huet, d‘Riewen e Virsprong haten.

Bio-Wäilies

A wann un de Riewe manner Drauwe räifen, brauchen dës och manner Zäit fir zeideg ze ginn. Do wou d‘Riewen nom Frascht nei Sprëss ausgedriwwen hunn, huet et och vereenzelt Drauwe ginn, déi awer méi Zäit brauche fir ze räifen an entspriechend méi Saier hunn. Dat erkläert firwat an engem an deemselwechte Wäibierg zu extremen Entwécklungsënnerscheeder bei den Drauwe kënnt.

Fir de Biowënzer, deen op méiglechst wéineg Hëllefsmëttel an Zousazstoffer setzt, ass awer eng optimal Qualitéit vun der Drauf onerlässlech. Dëst Joer gëtt vum Biowënzer besonnesch vill Fangerspëtzegefill ofverlaangt. Dee brauch elo Gedold an Duerchhalverméigen, an et ass ze hoffen, datt de Biowënzer genuch Solidaritéit entgéintbruecht gëtt, fir hir Betriber weiderféieren ze kënnen.

Wëssenswäertes iwwer Bio-Wäibau

Zu Lëtzebuerg gëtt et de Bio-Wäibau zanter 1995 a mëttlerweil hu sech 15 Betriber mat enger Fläch vu ronn 40 Hektar zertifiéiert. Weider 13 Hektar befannen sech an der Ëmstellung op biologesch Bewirtschaftung. Domatter ginn insgesamt 4% vun der Lëtzebuerger Wäibaufläch zertifiéiert biologesch bewirtschaft. A Frankräich sinn 8% an Däitschland nach 7,8%. Et gëtt also nach Bedarf.

Bio-Wäilies

Begleet gëtt de biologesche Wäibau vum Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur Lëtzebuerg (IBLA). Dës Institutioun ass de Kompetenzzentrum fir Fuerschung a Berodung am Beräich vun der biologescher Landwirtschaft a Wäibau zu Lëtzebuerg. Hei gëtt net nëmme fir d‘Wuel vun de Bio-Betriber geschafft, mee fir dat vun eis alleguerten. En Detail, mee e wichtegen.

An Zesummenaarbecht mam Sonja Kanthak, Conseil vun der IBLA

snippet

D‘Bio-Wäilies geet un an do ass eppes Fangerspëtzegefill gefuerdert. Frascht am Fréijoer, Dréchent a Sonnebrand am Summer belaaschten d‘Biowënzer.

Related topics Bio-Wäilies, Biowënzer, Fangerspëtzegefill, IBLA, Krisestëmmung
Next post Previous post