Search

You may also like

Kölle Alaaf: Vu jecke Gestalte a Geckege mat Kabelbinder
Money Neiegkeeten

Kölle Alaaf: Vu jecke Gestalte a Geckege mat Kabelbinder

Fir zéngdausende Kölner a Karnevalsbegeeschterter huet um 11.11. pünktlech um

Zéng gutt Grënn, firwat d’Gemengewahlen fir dech wichteg sinn
Money Neiegkeeten

Zéng gutt Grënn, firwat d’Gemengewahlen fir dech wichteg sinn

Et ass Ugangs September an et ass roueg am Land.

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn
Money Neiegkeeten

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn

Datt dem Donald Trump, a senger rabiater Aart a Weis

money

Bankplaz Lëtzebuerg: D‘Chinesen iwwerhuelen d‘BIL

Bankplaz Lëtzebuerg: D‘Chinesen iwwerhuelen d‘BIL

Et war gewosst datt sech d‘Besëtzverhältnesser bei der BIL (Banque internationale a Luxembourg) géife veränneren. Dat nodeems de katareschen Investisseur „Precision Capital“ zejoert bekannt ginn hat, sech vu senge Parten trennen ze wëllen.

D‘CSSF, de Polizist vun der Finanzplaz, an d‘ECB, déi europäesch Zentralbank, hunn um Méindeg der Transaktioun mat der chinesescher Legend Holding zougestëmmt, déi d‘Parten (89,936%) vu Precision Capital iwwerhuelen. De lëtzebuergesche Staat behält seng Participatioun an héicht vun 9,993% a bleift Minoritéitsaktionär. Dat zumindest geet aus dem Communiqué ervir, dee vun den dräi involvéierte Parteie weidergeleet ginn ass.

Elo kommen déi nächst Woch dann och déi chinesesch Vertrieder op Lëtzebuerg, fir d‘Iwwernam ze offizialiséieren. Hei muss een dann drun erënneren, datt wéi am September bekannt gi war, datt et bei enger vun de eelste Banken zu Lëtzebuerg op e neits zu engem Besëtzerwiessel géif kommen, et an de Bankekreesser ramouert hat.

Mee Legend Holding stellt kloer: „Et ass eng Acquisitioun déi strategesch laangfristeg orientéiert ass. Den aktive Volummen, d‘Potential den Ëmsaz ze steigeren an d‘Stabilitéit vum Bankhaus, sinn alles Elementer déi aus der BIL e strategeschen Aktiv fir eist Haus maachen“. Gutt gesinn, well ëmmerhin huet d‘BIL 2017 e netto Resultat no Steiere vun 117 Milliounen Euro (+5,7% zu 2016) opzeweisen. An d‘Chinese schéngen dann och iwwerzeegt, datt do nach Loft no uewen ass.

En éierewierdegt Haus

Esou wéi sech déi nei Haushären ausgedréckt hunn, engagéiere si sech, der Mark „BIL“ den néidege finanziellen an operationelle Réckhalt ze garantéieren, fir d‘Bankhaus ze erhalen a weiderzëentwéckelen. Dat zu Lëtzebuerg an Europa, mee och op internationalem Niveau. Et gëtt och versprach, an d‘Personal mee och an d‘Aarbecht ze investéieren. Wien hei schafft soll och d‘Méiglechkeet erhalen, sech eng international Carrière opzebauen.

Sengerzäit war versprach ginn, nodeem gewosst war datt sech de katareschen Investisseur géif zréckzéien, datt et bei der BIL net zu engem Sozialplang géif kommen. Dat Versprieche schéngen d‘Chinese vu Legend Holding anzehalen. Esou sinn si gewëllt un der aktueller Gouvernance an der Direktioun festzehalen. Domatter kann dann och de Programm „BIL 2020“ weidergefouert ginn.

Net ze vergiessen, datt et d‘Netzwierk an d‘Kenntnisser an der Finanztechnologie, mee och der kënstlecher Intelligenz a „Big Data“ dierfte sinn, déi der BIL zu neie Mäert sollte verhëllefen. An de President vu Legend Holdings, Liu Chuanzhi, ass sech dem Statut vun der BIL duerchaus bewosst. D‘Qualitéit vun der Offer an dem Personal, sinn dem chineseschen Investisseur bekannt. Woubäi d‘BIL jo awer och nach déi zweet wichtegst Bank zu Lëtzebuerg ass.

Related topics Bankplaz, BIL, Legend Holding, Lëtzebuerg, Precision Capital
Next post Previous post