Search

You may also like

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta
Neiegkeeten

Bestietnes fir jidderee och elo op Malta

Malta mécht d’Bestietnes op. Et kënnt enger Revolutioun gläich. E

money
D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider
Neiegkeeten

D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider

Leschten Donneschdeg huet de Stater Schäfferot d’Etüd iwwert den Handel

Méi Park & Ride a Busser?
Neiegkeeten

Méi Park & Ride a Busser?

Wann zu Lëtzebuerg vu Mobilitéit rieds ass, stinn deene meeschte

Och d‘CSL deet sech schwéier mat Perspektiven

Och d‘CSL deet sech schwéier mat Perspektiven

Déi sanitär Kris bréngt villes zu Onwee firwat 2021 sech elo emol doduercher auszeechent, datt et den Neijoerschpatt op ville Plazen nach just virtuell gëtt. Dat soll awer net heeschen, datt ee wéilt op déi wichteg politesch Message verzichten. Esou dann och säitens der Salariatskummer, wou d‘Presidentin Nora Back, den Nol zimmlech déi ageklappt huet.

Si bedauert datt sech déi politesch Decideuren nom Etat de Kris net méi an de Grëff kritt hunn, an den eigentlech wichtegen Dialog mat de Sozialpartner éischter schleefe gelooss hunn, wéi dësen a sengem ganzen Ëmfang ze notzen. Statt zesumme mat de Vetrieder vum Salariat gemeinsam un de Léisungen a Moossnamen ze schaffen, fir de wirtschaftlechen a soziale Schued agrenzen ze halen, hätt et ëmmer nees misse Gestreits ginn, wouduerch oft wäertvoll Zäit verluer gaangen ass.

D‘Nora Back huet och nach emol de Fanger an eng oppe Wonn geluecht: d‘Novollzéibarkeet vun de getraffe Mesuren, wieren net ziilféierend. Dat soll och net als Kritik un de Mesure per se bewäert ginn, déi si wuel wichteg a bestëmmt och mat beduecht geholl ginn, mee besser wier et, wann een se och géif verstoen. De sozialen, ekonomeschen a sécherlech och psycheschen Impakt vun der Kris wéi déi vun de begleedende Mesuren, dierfen net ausgeklamert ginn, esou d‘CSL-Presidentin.

Weider heescht et, datt d‘Salariatskummer (CSL) eng Enquête zur „Qualitéit vun der Aarbecht“ gemaach gouf. Hei wier sech besonnesch de Leit ugeholl ginn, déi net vum Télétravail profitéiere konnten. Dat sinn nieft de Gesondheetsberuffer, fir déi gréissten Deel déi Beruffer vun deenen een haut net méi liewe kann (zumindest net als Resident zu Lëtzebuerg). Ze ernimme sinn hei déi Beschäftegt am Horesca-Secteur, Gardiennage, Logistik an evidenterweis och de Botzsecteur.

Et ass erwisen, datt et virun allem nees d‘Frae sinn, deene Politik a Wirtschaft déi gréisste Laascht operleet. Beruffer déi vun de meeschte leit „ausgeblend“ ginn. Wie well sech och schonn all Dag den Aarmut virun Ae féieren? Ouni dës Leit, deenen een zu allem Iwwerfloss als „Merci“ net méi wei eppes pathetescht Geklapps iwwreg hat, sollt een – dat verlaangt den Anstand – Unerkennung, dat och a Form vu enger gerechter Pai, zoukomme loossen. Duerno gesäit et leider nach net aus.

D‘Nora Back ass och op d‘Importenz vun der Kollektivverträg agaangen, an et géif och sécherlech dem Patronat gutt zu Gesiicht, sech de sektorielle Kollektivverträg unzehuelen. Dat wäert éischter net fir muer sinn, och wann d‘Elite wëssen, datt et laangfristeg dogéint kee Mëttel gëtt. Et sief natierlech et wéilt een amerikanesch Verhältnisser schafen an de Lëtzebuerger Model endlech ganz ofschafen. Dat dierft weder mat der Salariatskummer nach de Gewerkschaften ze maache sinn.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Covid19, CSL, Neijoerschpatt, Nora Back, Salariatskummer
Next post Previous post