Search

You may also like

Greg Lamy & Marco Massa an der Brasserie K116!
Neiegkeeten Stories

Greg Lamy & Marco Massa an der Brasserie K116!

Och am Mäerz kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës

En zweete Summer mat der Luxair
Neiegkeeten Stories

En zweete Summer mat der Luxair

Fir ären „zweete Summer“ gëtt et näischt méi Schéines, wéi

money
Et maachen ëmmer méi Betriber zou
Neiegkeeten Stories

Et maachen ëmmer méi Betriber zou

D‘Experte vum statisteschen Amt (STATEC) stelle fest datt d‘Zuel vun

Logementskris: d‘CSV hätt do ee Léisungsvirschlag

D’CSV huet de Méindeg 5. Juli um CSV Briefing 12 konkret Propose fir bezuelbare Wunnraum gemaach

Logementskris: d‘CSV hätt do ee Léisungsvirschlag

Et soll méi bëlleg, méi séier a virun allem méi gebaut ginn; esou d‘Grondkonzept vun der CSV fir eng Entspanung um Wunnengsmaart ze erreechen. Fir dësen dräi Grondsätz gerecht ze ginn, gi säitens der gréisster Oppositiounspartei zousätzlech Mesure beim Pakt Logement 2.0 gefuerdert.

De Rapport zum Pakt Logement 2.0 soll schonn en Donneschdeg an der Chamberkommissioun fir de Logement ugeholl ginn, déi lescht Etapp iert de Projet an der Chamber debattéiert a gestëmmt ka ginn. Bei der CSV ass en allerdéngs iwwerzeegt, datt d‘Regierung an d‘Koalitiounsparteien den Eescht vun der Lag nach ëmmer ënnerschätzen, an och keng Politik fir de Bierger maache géifen.

Esou heescht an der Argumentatioun: 2015 gouf d‘Logement-TVA vun 3 op 17% beim Kaf vun enger Zweet- oder Locatiounswunneng gehéicht. Op dës Manéier erwirtschaft de Staat beuechtlech Beträg. Statt awer de Bierger un dësem Finanzpolster deelhuelen ze loossen, géif d‘Regierung sech mat dësem Geld hir „Spillereie“ finanzéieren. Hei hätt et déi falsch Prioriséierung, mengt d‘CSV.

Si well sech der Präisdeierecht unhuelen, also villméi der Präisentwécklung. D‘CSV setzt an dësem Kontext op méi pragmatesch Léisungen, an huet därer och. De Marc Lies: „Mir stelle fest, datt d‘Regierung d‘Orientéierung verluer huet an net weess a wéi eng Richtung et beim Suergekand N°1 vum Land, dem Logement an Zukunft goe soll“. Eng Ausso déi eng Erklärung verlaangt a kritt.

Rechne wëll geléiert sinn

Der CSV ass beispillsweis onverständlech, datt deen am Pakt Logement 2.0 virgesinnen Undeel un abordabelem Logement, vun 30% op elo 20% erofgesat ginn ass. Reklaméiert gëtt zudeem, datt net kloer ass, ënnert wéi eng Konditiounen de Prozentsaz un abordabelem Wunnraum, vun de Gemenge vum private Promoteur sollen opkaf ginn. Hei gi Richtlinne gefuerdert déi esouwuel fir d‘Gemenge wéi fir d‘Promoteure gëlle mussen. Et muss jo gewosst sinn, wéi de finanziellen Opwand ausgesäit.

Interessant am Kontext „méi séier bauen“ d‘Fuerderung (déi huet et eng Gesetzespropositioun) datt et muss méiglech sinn abordabele Wunnraum duerch net-ëffentlech Entreprisen ze erméiglechen. Et géif also bedeiten, datt d‘Schafung vu soziale Locatiounswunnengen och fir privat/gewerblech Investisseuren opgemaach gëtt. D‘Konditioune wieren dann an enger Konventioun festgehalen an d‘Investisseuren hätten an der Folleg och en Usproch op stattlech Subventiounen, fir ze bauen.

Doriwwer eraus soll och déi sougenannt „sozial Loyersverwaltung“ (GLS) méi gefërdert ginn. Hei misst et zousätzlech Ureizer fir d‘Proprietaire ginn, wärend gläichzäiteg d‘Deckelung vum Loyer fir sozial Wunnenge soll bäibehale ginn. Et wier zudeem en Avantage, deen och ëffentlecher Bauträger sollt zougestane ginn. Eng Erhéijung vun de Subventioune fir déi ëffentlech Bauträger géif d‘CSV hei och begréissen. Gutt wier et zudeem elo d‘Sozialbüroen als ëffentleche Bauträger unzëerkennen.

An ëmmer nees d‘Spekulatiounssteier

Fir de bäigeuerdnete CSV-Fraktiounschef Gilles Roth, wiert et elo endlech un der Zäit, déi oft zitéiert Spekulatiounssteier endlech ëm- an duerchzesetzen. Nëmmen esou kéint een d‘Dynamik vun der Präisspiral briechen. Vun esou Steier ausgeholl, wieren nëmmen esou Logementer, déi fir déi direkt Ierwen abehale ginn. D‘Ausname sollen dann och fir landwirtschaftlech Fläche gëllen.

Eng weider Pist wier d‘Verlängerung vun der Späerfrist, no där d‘Verkeefer an den Genoss vum virdeelhafte Steiersaz um erwirtschafte Gewënn komme kënnen. Gett et der CSV nom, da soll dës Karenzzäit vun zwee op fënnef Joer ugehuewe ginn. Ob dat alles schonn duergeet fir d‘Präisbrems duerchzesetzen? Dat kann en esou net soen, anersäits wann een et net versicht, geet et och näischt.

Fir d‘co-Presidentin vun der CSV Fraktioun, Martine Hansen, kann eng gutt Wunnengsbaupolitik nëmmen och dann Erfolleg hunn, wann all implizéiert Ministèren a Verwaltungen abezu ginn. Et kéint net sinn, datt Gestreits ëm Kompetenzen an d‘Gespills mat de Prozeduren d‘Logementskris verlängeren. Hei géif ëm d‘Interesse vun de Bierger am Land goen, net ëm perséinlech Interessen.

D‘Martine Hansen huet nach drun erënnert, datt hir Fraktioun an dësem Sënn eng Modifikatioun vum Naturschutzgesetz eraginn hat. Déi sollen derzou bäidroen, datt sech Bauprojeten net onnéideg verzögeren a verdeieren. Déi verflichtend Kompenséierungsmesure sollen och nees vum Dësch. Et gouf dann och nach emol op de CSV-Léisungskatalog vun 2019 verwisen. Kléngt interessant…

Foto: © CSV-Fraktioun

Annex: Zwölf Vorschläge zur Schaffung von erschwinglichem Wohnraum

Related topics CSV, CSV-Briefing-Logement, CSV-Fraktioun, Gilles Roth, Logementskris, Marc Lies, Martine Hansen, Pakt Logement 2.0
Next post Previous post