Search

You may also like

OFGESOT: „E Laf fir d’Natur 2020“
Meenung Neiegkeeten

OFGESOT: „E Laf fir d’Natur 2020“

Dësen Evenement gouf duerch d’Covid-19-Pandemie ofgesot! D’Evenement E Laf fir

Den Trump: vum Saulus zum Paulus
Meenung Neiegkeeten

Den Trump: vum Saulus zum Paulus

Elo schwätzt dann och den amerikanesche President vu Rassismus. Dat

EU-Finanzsommet geet an d‘Verlängerung
Meenung Neiegkeeten

EU-Finanzsommet geet an d‘Verlängerung

Via Twitter huet de Spriecher vum EU-Rotspresident Charles Michel kuerz

D’CSV wëll endlech Kloerheet

D’CSV wëll endlech Kloerheet

Droleg Entwécklung zu Biissen. E Buergermeeschter, dee bis viru kuerzem nach un der Spëtzt vun der lokaler CSV am Gemengerot stoung, wiesselt stënterlech d’Säit. Nodeem hien de Reklassement vun Terrainen en vue vun enger eventueller Usiidlung vu Google nach duerchgesat hat, verléisst en seng Fraktioun – ma wëllt Buergermeeschter bleiwen.

Fir d’CSV geet et elo souwuel zu Biissen ewéi am Dossier Google virun. Déi zwee Schäffen iwwerhuelen weider hir Responsabilitéit, déi si virun knapp zwee Joer vum Wieler kruten a wäerte keng néideg Entwécklungen am Gemengerot blockéieren. Déi loosse si sech allerdéngs net vum aktuelle Buergermeeschter diktéieren.

Zu Google gëllt nach ëmmer, wat schonn zënter Méint gëllt. D’CSV wëllt endlech Kloerheet zu all deene wichtege Froen, déi och déi Biisser Leit brennend intresséieren. De Nach-Buergermeeschter ass jo elo bei enger Fraktioun vu Leit, déi ganz no un der Regierung sinn. Vläicht soen déi him jo elo, wat d’Regierung dem Land net seet. Gutt wier awer, wa mir et endlech alleguer gewuer géifen.

Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat

Related topics Är Leit, Biergerinitiativ, Biissen, CSV, Google, Jos Schummer
Next post Previous post