Search

You may also like

Crimes of Malta – Afaart verweigert
Neiegkeeten

Crimes of Malta – Afaart verweigert

Ganzer 52 Persounen hunn missen ënner onmënschlechen an entwierdegende Bedéngunge

Nei bei den Editions Schortgen: „Costa del Sol“
Neiegkeeten

Nei bei den Editions Schortgen: „Costa del Sol“

De Flair vun der Costa del Sol, ass en eenzegaartegt

De Problem bei Facebook ass Facebook selwer
Neiegkeeten

De Problem bei Facebook ass Facebook selwer

Eege Recherche vun der Entreprisen hunn erginn, datt Instagram Jugendlecher

D’Doktere vun der Welt: Nei Campagne fir d’Gesondheet!

D’Doktere vun der Welt: Nei Campagne fir d’Gesondheet!

Haut um 13. August hunn d’Doktere vun der Welt (MdM) hir nei Campagne „Am Summer“ lancéiert. Esou soll een Appell un Spende gemaach ginn, fir bedierftege Persounen zu Lëtzebuerg déi néideg Fleeg fir hir Gesondheet kënnen ze bidden.

Mat der Sensibiliséierungscampagne soll generell d’Bewosstsinn vun der Ëffentlechkeet ugereegt ginn. Och am Grand-Duché hunn zuelräich Persoune keen Accès zum nationale System vun der Protection Sociale. Donieft hu si och net déi finanziell Mëttel, fir hir Gesondheet ze garantéieren an ze verbesseren.

Doktere vun der Welt
Doktere vun der Welt

Och an der summerlecher Zäit soll een net vergiessen, datt verschidde Leit weder een Dokter, nach Medikamenter bezuele kënnen a soumat keen Zougang zur Fleeg hunn. Den Dr. Jean Bottu, President bei MdM Lëtzebuerg erkläert weider, datt den Zougang zur Fleeg een universellt an essentiellt Mënscherecht ass.

D’Campagne „Am Summer“ presentéiert verschidden alldeeglech Situatioune vu Persounen, déi op der Strooss wunnen an den Zentrum vun MdM besichen.

Doktere vun der Welt

Related topics Doktere vun der Welt, Fleeg, Gesondheet, MdM, Sensibiliséierungscampagne
Next post Previous post