Search

You may also like

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss
Neiegkeeten

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss

Et gi wéineg Schrëftsteller, deenen hire Numm esou bekannt ass,

dislike
Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden
Neiegkeeten

Wäerteunterrecht, Congé Parental an Steierreform: DP weist sech zefridden

Déi parlamentaresch Sessioun 2016/17 geet op en Enn an et

LCGB: Fir méi Mobilitéit an der Grenzregioun…
Neiegkeeten

LCGB: Fir méi Mobilitéit an der Grenzregioun…

Déi neigewielt Däitsch Grenzgängerkommissioun vum LCGB huet an hirer éischter

D‘Douane informéiert: Nei TVA-Bestëmmungen

D‘Douane informéiert: Nei TVA-Bestëmmungen

Lëtzebuerg, politesch gesinn, ass eppes „selektiv“ ënnerwee, wann et heescht zügeg EU-Direktiven an nationaalt Recht ëmzesetzen. Meeschtens ginn d‘Verstéiss géint d‘Delaie mat eppes Geld an den üblechen Excuse vum Dësch geholl, an heiansdo dauert et just véier Joer, bis esou eng Direktiv hei ëmgesat gëtt. Esou dann och bei der Direktiv (UE) 2017/2455.

Déi an dëser Direktiv festgehale Virschrëfte betreffend d‘TVA trëtt den éischte Juli a Kraaft. Heibäi geet et drëms, datt d‘Exoneratioun vun der TVA op Gidder déi ee globale Wäert vun 22 Euro net iwwerschreiden, ganz ewechfält. D‘Douanesverwaltung erënnert an dësem Kontext nach emol dorunner, datt all Import aus engem Drëttland, muss bei der Douane deklaréiert ginn, egal iwwert wéi ee Wee dës Wuere bestallt goufen.

Op Wueren aus Drëttlänner, fale sougenannt „Douane-Rechter“ un. Datt sinn nieft der TVA, nach Taxen an eventuell esouguer Accisen. Fir den einfache Bierger, dee seng Wueren online keeft ass d‘Operatioun iwwersiichtlech. Et ass dee wou de Pack uechter d‘Géigend schleeft, dee sech och mam Verzolle beschäftegt. Optioune sinn do keng virgesinn, firwat et dann och d‘Post a Konsorte sinn, déi dat fir den Destinataire maachen.

Si zéien am Optrag an am Numm vun der Douane déi Ufälleg Import-Taxen an. Et ass awer och eng Aarbecht, déi d‘Operateuren net gratis maache kënnen, firwat zousätzlech zu den Taxen, nach vum transportéierenden Organ eng Rechnung fir d‘Deklaratioun bei der Douane ausgestallt gëtt. Déi ka jee no Seriositéit méi oder manner Héich ausfalen. Et gëtt fir dës Déngschtleeschtung, där ee sech net verweigere kann, keng Alternativen.

Illustratioun: © Curology / unsplash

Annex: Achats et expéditions en provenance de pays situés en dehors de l’Union européenne

Related topics Accisen, Direktiv (UE) 2017/2455, Douane, Drëttland, Import, Taxen, TVA
Next post Previous post