Search

You may also like

ADR: Iwwert d’Kombinatioun vu Wahlplakater
Money Neiegkeeten

ADR: Iwwert d’Kombinatioun vu Wahlplakater

Mat Verwonnerung huet d’ADR notéiert, datt sech an engem rezente

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung
Money Neiegkeeten

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung

Zanter bal 20 Joer setzen d‘CGFP an d‘Fédération Génerale de

150 Joer Kavalkad Zu Dikrech
Money Neiegkeeten

150 Joer Kavalkad Zu Dikrech

Den 23. Februar ass et nees esouwäit: pénktlech um 14.30

money

D‘Douanesdirektioun informéiert

Geldbeträg ab 10.000 Euro musse bei der Grenziwwerschreidung an oder aus der EU deklaréiert ginn…

D‘Douanesdirektioun informéiert

Nodeems den 3. Juni déi europäesch Direktiv EU2018/1672 a Kraaft getrueden ass, an esou eng Aktualiséierung vun den anzehalende Reegelen, fir d‘Aféieren oder Ausféiere vu Boergeld an/aus der Europäescher Unioun virgeholl ginn ass, kënnt d‘Gesetz vum 16. Juli 2021 de legale Kader vervollstännegen.

All Beweegung vu Boergeld ab engem Montant vun 10.000 Euro, wann domadder eng Grenz zu oder vu Lëtzebuerg aus iwwerschratt gëtt, muss bei der Douane ugemellt ginn. Dat gëllt esou fir Gold (bestëmmt och fir Sëlwer, woubäi dat net aus dem Schreiwes ervirgeet). Bijouterie an/oder Diamanten si separat ze deklaréieren. D‘Umeldung gëllt och fir Geld dat mat Post verschéckt gëtt.

Weider heescht et, datt d‘Deklaratioun bei der Douane muss erfollegen iert een d‘Grenz passéiert, et heescht also d‘Initiativ ergräifen, soss kann et eng deier Geschicht ginn. Wien sech net un dës nei Reegelen hält ka mat enger Geldbouss vun 251 bis 25.000 Euro bestrooft ginn, woubäi et och ka passéieren datt d‘Boergeld/Gold deels oder ganz beschlagnahmt gëtt. Méi dozou ënner douane.lu

Illustratioun: © Ibrahim Boran / unsplash

Related topics Boergeld, Douane, Douanesdirektioun, Gold, Grenziwwerschreidung
Next post Previous post