Search

You may also like

USA: Nationalen Noutstand ?
Neiegkeeten

USA: Nationalen Noutstand ?

Op e neie Shutdown wollt et den US-President dann awer

dislike
Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll
Neiegkeeten

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.

Editorial: Elo soll den Autofestival ofgeschaaft ginn
Neiegkeeten

Editorial: Elo soll den Autofestival ofgeschaaft ginn

Et gëtt Saachen, déi falen engem einfach esou virun d‘Féiss

Elo soll de Bau erzwonge ginn

Elo soll de Bau erzwonge ginn

Um Donneschdeg huet d‘Inneministesch Taina Bofferding, an net wéi een et hätt erwaarde kënnen, de Logementsminister Henri Kox, dräi Instrumenter virgestallt, mat deenen d‘Regierung sech der Spekulatioun um Wunnengsmaart wëll entgéint stellen. Dat wichtegst: Wie Bauland besëtzt muss bannent véier Joer en Haus drop stellen (also theoretesch).

Et kléngt verwonnerlech, mee wann et ëm de Logement geet, dann huet net nëmmen den Henri Kox d‘Soen. Woubäi eleng géif dësen et jo och net gestäipt kréien – och dann net wann ee géif unhuelen, datt hien dat eeschthaft versicht – firwat et net vu Muttwëll ass, datt sech och d‘Inneministesch un dësem Dossier versicht. Zudeem gëtt jo den Ament och un enger Grondsteierreform gedoktert.

Per Gesetz sollen elo d‘Proprietären an d‘Promoteuren zum Bau gezwonge ginn. Laut dem Taina Bofferding léisst sech dat nëmme bewierkstellegen, wann de Staat an d‘Gemenge sech als reell Acteuren um Wunnengsmaart presentéieren. D‘Roll vum Inneministère ass et nei Quartieren ze plangen an duerch d‘Schafe vun neien Instrumenter d‘Offer vu Bauland um Maart ze erhéijen.

Esou soll de Bau vu Logementer virugedriwwe ginn, woubäi hei och den abordabele Logement wëll berécksiichtegt ginn. Et soll (an eigentlech gëtt et dat schonn) an Zukunft net méi méiglech sinn op Bauland ze sëtzen – dat jo am Wäert bestänneg zouhëlt ouni datt een eppes mécht – firwat sech elo virgeholl gouf, d‘Gesetzgebung zur urbaner Entwécklung un d‘Gegebenheeten unzepassen.

De Baulandvertrag soll kommen

Et kann een hei roueg doriwwer ewechgesinn, datt d‘Taina Bofferding säi Projet als „innovativ“ verkläert, wann de sougenannten „administrativen Amenagementsvertrag“, deen als Baulandvertrag besser sollt bekannt sinn, endlech ëmgesat gëtt. An der virechter Legislaturperiod war nach op ee Bauzwang bannent 12 Joer, op der Grondlag vun engem administrative Vertrag mat der Gemeng, gesat ginn. Onverständlech, wann ee bedenkt wéi laang d‘Logementskris am Land persistéiert.

Ob d‘Inneministesch, esou wéi si et erkläert, tatsächlech sollt festgestallt hunn, datt déi aktuell Mesuren an Ureizer net méi der Situatioun entspriechen, ass irrelevant. Si huet schliisslech ni drop bestanen, dann déi bestoend Gesetzer zum „Leerstand“ ugewannt goufen. Dobäi kéint si de Stied a Gemengen d‘anhale a virun allem d‘Ëmsetze vun de bestoende Gesetzer operleeën.

An esou wierklech Drock op d‘Landbesëtzer mécht d‘Inneministesch elo och net. Si erkläert datt et d‘Zil wier, vun enger passiver Planung zu enger aktiver Planung iwwerzegoen. De zukünftege Baulandvertrag enthält dann net nëmmen eng Virgab zur Erschléissung mee nennt och en Datum zum Ufank vun den Aarbechten. Ass de Vertrag ënnerschriwwen, muss bannent 4 Joer gebaut ginn.

Vu „wëllen hunn“ an Ausnamen

Hält sech de Proprietär net un de mat senger Gemeng ofgeschlossene Vertrag, kann et zur Sanktioun kommen. Méiglech wier beispillsweis e Reklassement vum Terrain an Akerland. Et gouf wuel och nach an de Raum gestallt, datt een de Proprietär zwénge kéint sozial Wunnengen ze bauen – an esou op den initiale Projet ze verzichten – wat allerdéngs juristesch schwiereg an laangwiereg ka ginn.

An et gëtt, wéi sollt och anescht sinn, natierlech eng rei Ausnamen. Esou besteet den Zwang net wann den Terrain manner wéi 10 Ar huet, an enger Wunn- oder gemëschter Zon geleeën ass, den Terrain schon erschloss gouf, den Terrain an enger „differéierter Amenagementszon“ (ZAD) läit. Bauland dat am Besëtz vun ëffentleche Promoteuren ass, gëtt gläichfalls vun de Prozedur ausgeholl.

Eng weider Mesure vum Inneministère ziilt drop of, d‘Prozedur fir d‘Modifikatioun vun engem generellen Amenagementsplang (PAG) vun de Gemengen ze erliichteren. Iwwert den Ëmwee vum sougenannten Omnibus-Gesetz sollen d‘Delaie vun 12 op 7 Méint reduzéiert ginn. Dat ass eng duerchaus gewoten Ausso, an dorunner sollt een d‘Inneministesch dann och moossen dierfen.

Interessant an dësem Ganzen, déi geplangten Aféierung vun engem ministerielle Mechanissem fir de Remembrement. Dee gesäit vir, datt eng Stad/Gemeng d‘Interventioun vum Ministère fuerdere kann, wann sech nees Proprietäre vun ënnerschiddleche Parzellen an den Hoer leien, firwat ee gréisser Projet sech net realiséiere léist. An deem Fall soll et zu „Deplacementer“ vun den Terraine kommen. Dat nennt een eng flott Ëmschreiwung vun deem wat de facto eng Expropriatioun ass.

Illustratioun: © Bernard Hermant / unsplash

Related topics Bauzwang, Inneministère, Logement, Logementskris, Taina Bofferding, Wunnengsmaart
Next post Previous post