Search

You may also like

D’Bicher-Serie „Monsieur Madame“ feiert hir 50 Joer!
Business Money Neiegkeeten Sport WTF

D’Bicher-Serie „Monsieur Madame“ feiert hir 50 Joer!

D’Serie vun de Kannerbicher „Monsieur Madame“ („Mr. Men“ an der

Weltdag zum Schutz vun de Fiichtgebidder – 50 Joer RAMSAR
Business Money Neiegkeeten Sport WTF

Weltdag zum Schutz vun de Fiichtgebidder – 50 Joer RAMSAR

Trotz de schonn 1971 geschlossene Konventiounen si vill Fiichtgebidder bedreet.

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër
Business Money Neiegkeeten Sport WTF

déi gréng: sécher a legal Migratiounsweeër

D’Europaparlament huet sech en Dënschdeg fir d’Aféiere vun engem Europäeschen

moneysurprise

Editorial: Lëtzebuerger Geriicht hält de Becca fir Kriminell

Editorial: Lëtzebuerger Geriicht hält de Becca fir Kriminell

De Lëtzebuerger „Financier“ a grousse Gënner vum ronne Lieder, Flavio Becca, mécht senge Frënn bei de Verbänn UEFA a FIFA all Éier. Och hien ass elo ee verurteelte Verbriecher, a kënnt, wéi et sech fir déi Privilegiéiert aus dëse „Kreesser“ gehéiert, mam Sursis an enger klenger Geldstrof scho bal ze gutt ewech. Geldwäsch a Verontreiung ass an deene Kreesser also beschtefalls e Fauxpas?

Et muss een awer kënne relativiséieren, a virun allem sollt een dem Flavio Becca seng grouss bis legendär Verdéngschter fir d‘Land an de Lëtzebuerger Fussball berécksiichtegen. Dank sengem Genie (an eppes Geld) hu mir ee Fussballveräin, deen sech op der internationaler Bün etabléiert huet. Zudeem suergt de Mann dofir, datt de Logementsminister seng Problemer an de Grëff kritt.

Ouni dem Flavio Becca seng Investitiounen an Immobilien, gëtt jo bekanntlech näischt virun. Elo huet ee Geriicht befonnt, datt sech den Auere-Sammler, mam Kaf vun 842 Luxusaueren (déi iwwer divers „Becca-Entreprisen“ bezuelt goufen) der Geldwäsch a Verontreiung schëlleg gemaach huet. D‘Auere waren am Kader vun enger Perquisitioun beim onéierleche Geschäftsmann kasséiert ginn.

De Gros vun dëse Luxusaueren, sinn iwwert den Ëmwee vum „Don Flavio“ sengen net manner kriminelle Baufirmaen akaf ginn. Laut dem Geriicht hätten dës Aueren ee Gesamtwäert vun 18 Milliounen Euro. Et ass also wierklech net méi wéi ee Fauxpas, an et muss dierfe kloergestallt ginn, datt et sech bei dësen Aueren an éischter Linn ëm eng „Investitioun“ gehandelt huet.

Et dierf een also scho soen, datt et säitens der Justiz en Affront ass, e groussen Deel vun den Auere beschlagnaamt ze hunn. Woubäi d‘Beschlagnam dem zu Onrecht beschëllegte Flavio Becca eppes entgéint kënnt. Ëmmerhi gouf de Financier nieft 2 Joer Prisong op Sursis, nach zu 250.000 Euro Geldstrof verurteelt. Fir all Auer déi se him gelooss hunn, falen nach emol 20.000 Euro un.

Wat an dëser Affär besonnesch verwonnert dierft hunn, war d‘Ausbleiwe vun enger grousser Solidaritéitsdemo. Zumindest déi Diddelenger Fans vum F91 hätten hirem President, deen hei béis iwwert de Leescht gezu gouf, kënne Barrikade virum Geriicht a Brand stiechen, fir d‘Riichter vu senger Onschold ze iwwerzeegen. De Flavio Becca huet elo 40 Deeg Zäit d‘Urteel unzefechten.

Illustratioun: © Jonas B / unsplash

Related topics Flavio Becca, Fussball, Geldstrof, Geldwäsch, Geriicht, Immobilien, Sursis, Urteel, Verontreiung
Next post Previous post