Search

You may also like

Rout FLEX-Minie mat gréngem Häerz
Business Neiegkeeten

Rout FLEX-Minie mat gréngem Häerz

De Carsharing-Déngscht „FLEX“ vun der CFL feiert schonn säin 3.

Greenpeace vs Schneider: d‘Justiz krut d‘Wuert
Business Neiegkeeten

Greenpeace vs Schneider: d‘Justiz krut d‘Wuert

Am August hat d‘ONG Greenpeace dem Sozialminister Romain Schneider (LSAP)

money
Welthandel: USA a China ginn openaner duer
Business Neiegkeeten

Welthandel: USA a China ginn openaner duer

Zu Washington ass een zimlech zefridden, endlech konnt zumindest e

Covid19-Gesetz: De Begrëff „Terrass“ muss preziséiert ginn

Covid19-Gesetz: De Begrëff „Terrass“ muss preziséiert ginn

Zanter dem 7. Abrëll kënnen d‘Lëtzebuerger wéi d‘Gäscht aus dem Ausland nees ee bëssi vun der Gastronomie profitéieren. Et gouf jo decidéiert, datt d‘Bistroen an d‘Restauranten, ënnert strengen Oplagen, hir Clienten nees op den Terrassen empfänken a verkäschtegen dierfen.

Dës Offer gouf och bei gefillt „äisegen Temperaturen“ dankend ugeholl, well nom Wanter mat all sengen Aschränkungen, huet et och de Besoin ginn, d‘Séil nees eppes baumelen ze loossen. Net all d‘Etablissementer hunn dës virsiichteg Ouverture genotzt, well et dann awer och wirtschaftlech Aspekter gëtt, déi eng wichteg Roll spillen. Wann d‘Wieder elo besser gëtt, sollt et méiglech sinn, och nees Geld ze verdéngen, also eigentlech…

Wéi zefridden d‘Leit aus dem Horesca-Secteur déi aner Woch wäerte sinn, hänkt dann elo awer och nees un der Chamber. Hei soll jo Enn der Woch, méiglecherweis esouguer eréischt de Weekend, dat nächst Covid19-Gesetz zur Ofstëmmung virgeluecht ginn. An dësem Gesetz, soll dann elo ganz kloer definéiert ginn, wat de Legislateur ënner Terrass versteet, respektiv ab wéini opgestallten Dëscher als Terrass vum Gesetz erkannt ginn.

An der Gesondheetskommissioun, schéngt ee sech dann elo op eng parteiiwwergräifend Definitioun verstännegt ze hunn. Esou heescht am politesche Sënn, datt eng Terrass ee Raum am Fräien ass, dee mindestens op dräi Säiten op ass. Dat bezitt sech op den Ëmstand, datt déi fräi Loftzirkulatioun soll séchergestallt ginn. Den Expert schwätzt hei vun „natierlecher Raumbelëftung“. Eng Veranda, déi nëmmen no vir op ass, erfëllt d‘Konditiounen net.

Et gëtt also nieft den Oplagen elo och nach Kappzerbrieches, betreffend d‘Interpretatioun, wëll ee Wandschutz beispillsweis ass erlaabt esoulaang wéi dräi Ëffnungen do sinn. Wéi och ëmmer… et geet jiddefalls drëms, datt dat neit Covid19-Gesetz ganz Prezis definéiert wat wéini eng Terrass ass. Sollt et der Regierung an der Chamber geléngen datt hinzekréien, wier et dat éischt Covid19-Gesetz wou een Artikel „verständlech“ wier.

Laut dem President vun der Gesondheetskommissioun, Mars di Bartolomeo (LSAP) muss sécher gestallt sinn, datt et keng Mëssverständnesser ka ginn. Fir méi legislativ Sécherheet ze hunn, ass sech bei den Definitiounen/Erläuterungen nom „net-Fëmmer“ Gesetz geriicht ginn. An dësem Text gouf et jo sengerzäit och de Problem mam Begrëff Terrass, wéi sollt festgeluecht ginn, wou een dann nach eng Zigarett fëmmen dierf.

Illustratioun: Eng Terrass an eng Terrass sinn zweeërlee © Wyron A / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Definitioun, Horesca-Secteur, Reprise, Terrass
Next post Previous post