Search

You may also like

COVID-19: Lëtzebuerg zielt 81 Infizéierter
International Neiegkeeten

COVID-19: Lëtzebuerg zielt 81 Infizéierter

Wéi d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert bei der Pressekonferenz vun haut de

Réckbléck op 50 Joer Karriär vum Robert Brandy – Eng Expo am MNHA
International Neiegkeeten

Réckbléck op 50 Joer Karriär vum Robert Brandy – Eng Expo am MNHA

Vum 2. Abrëll bis den 28. November 2021 organiséiert den

Déifferdenger Schoulen: Groussflächegt Testen bis den 2. Abrëll
International Neiegkeeten

Déifferdenger Schoulen: Groussflächegt Testen bis den 2. Abrëll

Tëscht dem 29. Mäerz an dem 2. Abrëll ginn d’Schüler

Wann eis de Bësch verluer geet

Wann eis de Bësch verluer geet

No Schätzungen, déi um Méindeg vu Global Forest Watch (GFW) verëffentlecht gi sinn, sinn 2016 net manner wéi 29,7 Milliounen Hektar Bësch „verluer“ gaangen. Dat ass e neie Rekord a fir et Bildlech duerzestellen, dat entsprécht der Fläch vu Neiséiland.

Zudeem sinn et 51% méi Bësch wéi nach 2015 an et ass villes de Bëschbränn geschëlt déi op der ganzer Welt ausgebrach waren. E Phänomen deen ugesicht de grousse Bränn a Kalifornien, Portugal mee och ganz rezent op Korsika, och 2017 fir e gräissleche Bilan dierft suergen.

Laut den Experten, léisst sech d‘Zounam vun de Bëschbränn 2015 an 2016 zu Deel erklären. Esou hätt d‘Auswierkung vum Effet „El Nino“, de Waarmwaasserzyklus vum Pazifik, fir extrem dréche Konditiounen an den Trope gesuergt. Et gëtt dem „El Nino“ och en Afloss op d‘Bëscher an der borealer Vegetatiounszon zougeschwat.

Mer sinn also voll am Klimawandel a GFW – e Partenariat fir d‘Iwwerwaachung vun de Bëscher kreéiert vum World Ressources Institute (WRI) – gesäit dann och de Klimawandel als haaptverantwortlech fir d‘Zounam vun de Bëschbränn.

Net d‘Natur eleng

A wann een dann emol vun de Bëschbränn déi aus „natierleche“ Grënn entstinn ofgesäit, esou muss een och de Faktor Mënsch berécksiichtegen. Ganz Bëscher gi verluer well d‘Welt ee groussen Holzhonger huet, mee och d‘Notze vu Ressourcen (Minière) an d‘Landwirtschaft hunn 2016 e grousse Beitrag geleescht.

Brasilien, Indonesien a Portugal hunn de Gros vum Bëschbestand 2016 duerch Feier verluer. A Brasilien, sinn eleng fir d‘Regioun vum Amazonas 3.7 Milliounen Hektar esou verluer gaangen. Dat ass dat dräifacht vun 2015.

Portugal huet 4% vum Bëschbestand verluer. Dat ass proportionell déi gréisste Fläch am Verglach zu alle Länner, an gutt d‘Hallschent vun de verbrannte Bëscher an Europa. Schold wier laut GFW den Eukalyptus, e Bam deen opgrond dem héije Gehalt un äthereschen Ueleger liicht brennt. A Verbindung mat enger schlechter Gestioun a d‘ewechloosse vu preventive Moossname, ass de Bilan schnell erkläert.

Och am Kongo an a Kanada sinn zesumme wäit iwwer 600.000 Hektar Bësch verbrannt. E Schued deen op gutt 9 Milliarden US-Dollar beziffert gëtt. E Schued mat Folgen: d‘Mënsche gi Krank, de wirtschaftlechen Impakt ass immens an d‘Auswierkung op d‘Biodiversitéit nach net kloer ze erkennen.

Related topics Bësch, Bëschbränn, Ëmwelt
Next post Previous post