Search

You may also like

Geféierlech Stroossen
Kultur Neiegkeeten

Geféierlech Stroossen

Et ass e battere Bilan, deen d‘Police ze verkënnegen hat:

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 4. Oktober 2020
Kultur Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 4. Oktober 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster
Kultur Neiegkeeten

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster

Den 21. Juni gouf vun de Vereenten Natiounen (UN) zum

DE BËSCH – Eng eenzegaarteg Erfarung!

DE BËSCH – Eng eenzegaarteg Erfarung!

Der Volleksbühn hiren neie Projet „De Bësch“ ass eng immersiv Outdoor-Experienz, en Hybrid tëscht Nuetsrallye an Theaterstéck.

D’Welt, an déi mer andauchen, ass labber inspiréiert vu Lord of the Flies an The Matrix, a schéckt d’ZuschauerInnen op eng sënnlech a verspillte Rees, fir di grouss metaphysesch Themen, déi d’Mënschheet schonn ëmmer beschäftegt hunn an déi haut méi aktuell si wéi jee, ze exploréieren: Wat ass Wourecht? A wéi enger Realitéit wëlle mer liewen? Gëtt et e fräie Wëllen oder ass Choix just eng Illusioun?

En investigative Journalist entdeckt, dass d’Welt, an där mir liewe, just eng Illusioun ass. Hie bréngt et fäerdeg, aus dësem Simulacrum ze flüchten a lant am Bësch — oder deem, wat vun der richteger Welt nach iwwreg ass. Do trëfft hien op aner Leit, déi och, gewollt oder ongewollt, de Komfort vun hirer glécklecher Ignoranz verlooss hunn.

Wärend Verschiddener probéiere vun der Situatioun ze profitéieren an anerer verzweiwelt versichen erëm „heem“ ze fannen, kommen si dem Grond vun der virtueller Versklavung vun der Merscheet op d’Spuer a ginn dobäi mam Sënn vun hirer eegener Existenz konfrontéiert.

Sie struewele mat där neier Wourecht an der Responsabilitéit, déi déi mat sech bréngt, a mussen sech froen ob déi virtuell Welt, déi si verlooss hunn, net awer dëser „Wüüst vun der Realitéit“ virzezéie wier. Ass Ignoranz wierklech Gléck oder ass et Versklavung? Kënne mer an de perfekter Illusioun wierklech frou sinn?

De Bësch erzielt keng Geschicht am klassesche Sënn, mat Ufank, Héichpunkt an Enn. D’ZuschauerInne gi vill méi Deel vun engem fiktiven, mee taktile Mikrokosmos, dee si op eege Fauscht exploréiere kënnen.

Si dauche voll an d’Welt vum Bësch an a gi, jidderee fir sech an a sengem Tempo, Spueren no, begéine Personnagen, déi se vläicht an e Geheimnis aweien, kënnen hir Entdeckunge mat aneren deelen a si mat deenen nämmlechte Froe konfrontéiert ewéi d’Personnagen.

Weider Informatiounen

Virstellungen:

Kuelespaacher Bësch (Niederanven)
24. / 25. / 26. September 2021
Départ vum Bus jeeweils um 18:30 am: Kinneksbond, Centre Culturel Mamer / TRIFOLION Echternach / Kulturhaus Niederanven

Gaalgebierg (Bieles)
1. / 2. / 3. Oktober 2021
Départ vum Bus um 18:30 am: ARTIKUSS Zolwer.

Kierbëchel / Houbësch (Wahl)
8. / 9. / 10. Oktober 2021
Départ vum Bus jeeweils um 18:30 am: CAPE Ettelbruck / Prabbeli Wiltz / Mierscher Kulturhaus.

  • Recommandéiert ab 15 Joer
  • Plurilingual (LU, ENG, DE, FR)
  • 210 Minutten (inklusiv dem Trajet mam Bus)
  • Billjeeë ginn et bei:luxembourgticket (www.luxembourg-ticket.lu, Tel.: (+352) 47 08 95 — 1)
  • Tariffer : 12,50 € — 25 €

Weider Informatiounen par Rapport zum Verlaf vun den Owender kréien d’ZuschauerInnen e puer Deeg virun de jeeweilege Virstellungen zougeschéckt. Méi gitt Dir op www.kinneksbond.lu gewuer.

Related topics De Bësch, eegen Existenz, Illusioun, Kinneksbond, Outdoor-Experienz, Responsabilitéit, Volleksbühn, Wouerecht
Next post Previous post