Search

You may also like

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader
Neiegkeeten

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader

Den Homeoffice – also vun doheem aus schaffen – wier

Pedophilie: Äerzbëschof vu Santiago verweigert d‘Ausso
Neiegkeeten

Pedophilie: Äerzbëschof vu Santiago verweigert d‘Ausso

Den Äerzbëschof vu Santiago huet sech geweigert engem chilenesche Procureur

Erausfanne wat Google iwwert ee Weess, erkläert
Neiegkeeten

Erausfanne wat Google iwwert ee Weess, erkläert

Datt e beim Internetsurfe vill Spueren hannerléisst, dat ass gewosst,

De Covid19 perturbéiert de Betrib am Prisong

De Covid19 perturbéiert de Betrib am Prisong

Wärend déi nei Direktesch déi Gefaange schütze wëll an de Verwaltungsdirekter sech Gedanke mécht, wéi een d‘Populatioun an der Haftanstalt zu Schraasseg besser Schütze kann, féiert de Coronavirus seng eege Campagne duerch. Am Prisong gëtt et elo ee partielle Confinement…

Aktuell sinn offiziell 15 Insassen aus verschiddene Bléck Covid19-Positiv. Et gëtt weiderhin drop higewisen, datt all dës Häftlinge kaum, a wann dann nëmme liicht Symptomer opweisen. Wann dat bei engem Gefaangene festgestallt gëtt, gëtt dëse fir mindestens zéng Deeg isoléiert. Dofir gouf eng ganz Abteilung amenagéiert. Wie „Kontakt“ ass gëtt ënner Quarantaine gesat a kritt geroden sech testen ze loossen.

Als zousätzlech Moossnam, gëtt de Kontakt vun de Prisonéier zu Baussewelt (Famill, Affekot, asw.) nees maximal ageschränkt. Et gëtt dann awer nach emol mat maximalem Nodrock ënnerstrach, datt een déi sanitär Situatioun zu Schraasseg voll ënner Kontroll huet an och alles stänneg iwwerwaacht gëtt. Weider wëll d‘Prisongsverwaltung sech net zur Infektiounslag zu Schraasseg äusseren. Déi huet et jo och net einfach…

Engersäits „dierfen“ d‘Giischtercher an sonstegt Personal net prioritär geimpft ginn, an déi béis Jongen a Fraen hu kee Vertrauen an de Verwaltungsdirekter Serge Legil an a seng Impfstoffer. Dee war jo iwwerzeegt, datt iwwert d‘Hallschent (51%) sech op d‘Offer stierze géifen. 180 vu 530 hunn sech impfe gelooss, wat een dierf als Blamage bewäerten. An elo, wéi soll et weider goen? Ginn se gezwongen?

Illustratioun: © Spencer Davis / unsplash

Related topics Covid19, Impfstrategie, Lockdown, Prisong, Schraasseg, Serge Legil
Next post Previous post