Search

You may also like

Visitt vun ArcelorMittal zu Déifferdeng
Neiegkeeten Stories

Visitt vun ArcelorMittal zu Déifferdeng

S.A.R. den Ierfgroussherzog an de Wirtschaftsminister Franz Fayot hunn de

Wouhier kënnt den Abrëllsgeck?
Neiegkeeten Stories

Wouhier kënnt den Abrëllsgeck?

Den 1. Abrëll ass en Dag, un deem Witzer an

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!
Neiegkeeten Stories

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!

[onionbuzz quiz-id=105][/onionbuzz] D’Lëtzebuerger Muséeslandschaft ass de vergangenen 20 Joer opgebléit.

De Biber: De Buerghäer ass zeréck!

De Biber: De Buerghäer ass zeréck!

Zu Lëtzebuerg war de Biber ronn 200 Joer ausgestuerwen. De Mënsch huet alles dru gesat, dat pelzegt Déier lass ze ginn. Mëttlerweil huet sech déi kleng Biberpopulatioun bei eis am Land vergréissert an et sinn 39 Biberstanduerter bekannt.

De Biber gouf verfollegt, gejot, ausgerott a wéinst sengem Pelz, dem Fleesch oder dem Bibergeil (Drüsesekret, wat als potenzsteigerend en heelend gëlle soll) verdriwwen. Duerch divers Auswëlderungsprojeten an der Belsch, der Nordeifel, dem Saarland a laanscht d’Uewermusel (Frankräich) an den 1980 an 1990er Joer hu sech ëmmer méi grouss Populatiounen entwéckelt, vu wou aus eenzel Déieren hire Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn.

Viru ronn 10 Joer konnt een du vun enger klenger Biberpopulatioun zu Lëtzebuerg schwätzen. A ville vun de mëttlerweil bekannten 39 Standuerter planzt d’Déierchen sech souguer virun. Aus dëse Biberrevéier ginn all Joer Aartgenosse vun 2 Joer verdriwwen, déi dann nees hir eegent Revéier siche mussen. Doduerch, datt jonkt Biberen op hirer Sich no engem Doheem tëscht 20 a 40 Kilometer (heiansdo souguer iwwer 100 Kilometer) wanderen, kënnen si sech iwwerall zu Lëtzebuerg, wou et Waasser a Vegetatioun gëtt, ausbreeden.

Meeschtens maachen si hir Wanderungen am Mee. Iwwert d’Summerméint gräift d’Déier op Krautvegetatioun zeréck, amplaz Beem ze fällen. Bis zum spéide Summer oder Hierscht bleiwen hir Revéier dofir oft onentdeckt. Geet d’Vegetatioun nees zeréck, léisst de Biber och emol ee Bam ëmfalen, fir esou déi dënn Äscht vun der Kroun fänken an dann iessen ze kënnen. Grad dann fält hir Presenz am meeschten op.

D’Naturverwaltung geet dovun aus, datt duerchaus nach aner Biberrevéier hei am Land existéiere kënnen, déi bis ewell keen entdeckt huet. An dësem Kontext sidd Dir gefrot Iech iwwer biber@anf.etat.lu oder (+352) 621 202 182 ze mellen, wann Dir ee Revéier gesitt.

Related topics Aartenschutz, Biber, Déieren, Ecosystem, Lëtzebuerg, Populatioun
Next post Previous post