Search

You may also like

USA: Iwwerraschend Demissioun vum Nikki Haley
International Money

USA: Iwwerraschend Demissioun vum Nikki Haley

Si ass eng ambitiéis Fra déi net bei allen Zoustëmmung

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague
International Money

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague

D’Aktiviste vu Greenpeace Frankräich hunn de 25. Januar moies ee

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden
International Money

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden

E Méindeg huet den US-President versprach, datt déi Alliéiert net

money

JPMorgan Chase: De Bitcoin ass eng Farce

JPMorgan Chase: De Bitcoin ass eng Farce

De Generaldirekter vun der Bank „JPMorgan Chase“ Jamie Dimon huet um Dënschdeg virum Investissement an de Bitcoin, eng virtuell Währung, gewarnt. Dës Währung mat engem nominale Wäert deen Aachterbunn fiert, wäert „implodéieren“ dat wëll et „Schwindel“ ass.

„Dat hëlt kee gutt Enn“ mat dëser Kryptowärung sot den Jamie Dimon am Kader vun enger Konferenz iwwert d‘Finanz zu New York. „Et ass e Schwindel“, verséchert hien a wéist drop hin, datt eng Regierung zu all Ament deem kann en Enn bereeden, well d‘Autoritéite gären d‘Kontroll iwwert d‘Devisë behalen.

Eng Kloer Positioun

Eng Ausso, déi net op d‘Liicht Schëller ze huelen ass. De wuel influenzräichsten Bänker vun der Wall Street huet seng Händler gewarnt. Sollt ee vun hinnen op d‘Iddi kommen, Uerder op den Akaf oder de Verkaf vu Bitcoins unzehuele, wieren d‘Konsequenze kloer. „Ech geheien déi op der Sekonn vrun d‘Dier. Dat aus zwee Grënn: éischtens ass et géint d‘Reegelen an zweetens ass et domm. A béides ass geféierlech“, esou den Dimon.

Brauchbares kann een erhalen

Bei aller Feindlechkeet géintiwwer dem Bitcoin, esou huet den Jamie Dimon awer unerklannt, datt d‘Blockchain, déi Technologie déi hannert dem Bitcoin steet, ganz nëtzlech wier. D‘Notzung allerdéngs am Alldag – deem vun de Banken – wäert nach Zäit brauchen. „Dat léisst sech net vun haut op muer implementéieren“ esou de Bänker.

An Zesummenaarbecht mat groussen Technologie-Gruppen, erhoffen sech grouss „Weltbanken“ d‘Blockchain zu eegenen Zwecker anzesetzen. Hei an éischter Linn fir d‘Transaktiounen ze vereinfachen, mee och fir d‘Käschten an den Opwand (Personal) ze reduzéieren.

Béist Geld

De Generaldirekter vu JPMOrgan Chase huet awer och drop higewisen, datt et Argumenter gëtt déi fir de Bitcoin schwätzen. De Bitcoin ass eng Währung déi einfach anonym a Géigende ka benotzt ginn, wou et „Schwieregkeete“ gëtt. Zudeem ass de Bitcoin eng Währung déi och vu Kriminelle liicht ze beotzen ass.

„Wann dir am Venezuela, Ecuador oder Nordkorea wäert (…) oder wann der en Drogen- oder Waffenhändler, méiglecherweis en Optragskiller wiert, géift der wahrscheinlech de Bitcoin engem US-Dollar virzéien“, esou den Jamie Dimon, dee sichtlech bereet ass, mat jidderengem Geschäfter ze maachen. „Jo, et gëtt mat Sécherheet e Maart fir de Bitcoin, mee dee Maart ass begrenzt“, esou de Bänker.

Zum éischte September hat de Bitcoin e Wäert vun 4.880 US-Dollar. E Rekord, dee sech op den ënnerschiddlechen Tauschplattformen bestätegt gesinn huet. Zanterhier ass de Bitcoin nees eppes erof gaangen. Ee Grond heifir: China huet d‘Aféierung vun neie Kryptowärunge verbueden.

mat AFP

Related topics Bänker, Bitcoin, Gangster, JPMorgan Chase, Wall Street
Next post Previous post