Search

You may also like

Koalitiounspoker op italienesch
International Money

Koalitiounspoker op italienesch

Nodeems et zu Roum bei de Verhandlungen tëscht dem Movimento

Neies vun der Insel: BoJo versprécht de Fortschrëtt
International Money

Neies vun der Insel: BoJo versprécht de Fortschrëtt

Beim Kongress zu Manchester huet de Boris Johnson gëschter nei

Däitschland tëscht Frust a Roserei
International Money

Däitschland tëscht Frust a Roserei

De konservative Gesondheetsminister huet gëschter eppes vun „Tage der Zuversicht“

money

De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of

De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of

De Bitcoin, déi wuel am Moment kontroverséiertst Kryptowärung op der Welt huet um Sonndeg nees fir Opmierksamkeet gesuergt. Zu Chicago huet de Bitcoin ouni Problem d‘Barre vun 18.000 US-Dollar passéiert.

Um spéide Sonndeg Nomëtteg, ass ee vun den éischte Finanzproduite, mat deem et méiglech ass op d‘Entwécklung an d‘Zukunft vun der virtueller Wärung ze „wetten“, ënnert der Bezeechnung „XBT“ vum „Chicago board options exchange“ (CBOE) ugebuede ginn. Op dëser Plattform, eng vun deenen zwou Plaze wou an den USA Termingeschäfter gehandelt ginn, ass de Bitcoin zum Präis vu 15.000 US-Dollar ugebuede ginn.

Kaum datt d‘Offer um Maart war, huet sech de Wäert duerch d‘Bascht gemaach an et huet keng 20 Minutte gebrauch, fir datt den Trafic den Internetsite zum erleeë bruecht huet. Den Operateur huet awer verséchert, datt d‘Echange net vum Virfall beréiert sinn an d‘Clôture ganz normal ee Méindeg Nomëtteg um 15.15 lokal Zäit virgeholl gëtt.

Eppes no 21 Auer hat de Bitcoin sech op 17.750 US-Dollar fir en Termin op de 17. Januar festgeluecht. D‘Kryptowärung huet heimatter déi gréissten Hausse verbucht, déi et bis ewell op alternative Plattforme fir dereguléiert Geschäfter ginn huet. Zäitweis hat sech de Bitcoin op eng Valeur vun 18.010 US-Dollar festgeluecht.

Alles roueg a stabil

De Bob Fitzsimmons, verantwortlech fir Termingeschäfter beim Courtier „Wedbush Securities“, gesäit der Entwécklung zouversiichtlech entgéint. „Et ass alles roueg a stabil“, esou den Händler. An och vun der CBOE, déi ugëtt, datt 1.694 Verträg d‘Hänn gewiesselt hunn, just d‘Informatioun „datt all d‘Echangen esou ofgelaf sinn wéi se virgesi waren“.

En offiziell Opportunitéit fir professionell Investisseure sinn d‘Finanzinstrumenter déi ugebuede ginn. Eng Mesure och déi noutwenneg war, fir der Wärung „Bitcoin“, déi et eréischt säit 2009 gëtt, dat néidegt Vertrauen zouzeschreiwen. Banken an Händler haten sech laang virun der Kryptowärung a Uecht geholl, well et un Transparenz a Regulatioun gefeelt huet.

Duerch d‘Unerkennung vun der CBOE, kritt de Bitcoin eng Legitimitéit déi eenzegaarteg ass. D‘Kryptowärung ass also elo de facto „en Aktiva wéi all aner Wuer och (Dollar, Euro, Gas, Pëtrol, Soja…) déi ee kann tauschen“, esou den Nick Colas, Expert vun „Data Trek Research“. An d‘Unerkennung duerch Wall Street ass eng éischt Etappe an der Ambitioun vum Bitcoin, beim grousse Public d‘Popularitéit vum Gold ze erreechen.

Jidderengem säi Bitcoin

Fir d‘Promoteure vum Bitcoin ass et dann un der Zäit e grousse Schratt no vir ze maachen. Si fuerdere vun der SEC, dat ass den US-Gendaarm fir déi amerikanesch Bourse en „ETF“ (Exchange Traded Fund) a Bitcoin zouzeloossen. Den ETF ass eng Form vu Placement oder Spuerkont, déi all Bierger zougänglech sinn, a wou ee säin Erspuertes kann ënnerdaach bréngen. Wat esou eng „Spuerbéchs“ wäert ass, hänkt natierlech vum Wäert vum Bitcoin of.

Bis ewell huet sech d‘SEC net bereet erkläert d‘Kryptowärung als ETF zouzeloossen. Et géif un Transparenz feelen, wéi de Wäert vum Bitcoin festgeluecht gëtt. Zudeem werft d‘SEC dem Bitcoin vir, verhältnesméisseg liicht kënne manipuléiert ze ginn.

Mam éischten Echange op engem Finanzmaart dee weltwäit unerkannt ass, sollt awer d‘Angscht virun enger „Finanz-Blos“ aus de Féiss sinn. Zudeem bréngt et der Wärung eng gewësse Stabilitéit. De CBOE weist dann och drop hin, datt Sécherheetsmesure getraff goufen, fir „verréckt“ Fluktuatiounen ze verhënneren. Bei Spréng vun iwwer 10%, kann de Marché fir e Moment ugehale ginn. Sollte gréisser Bewegungen, also ab 20% Hausse oder Baisse, enregistréiert ginn, kann den Handel länger ausgesat ginn.

Skepsis bleift dem Bitcoin erhalen

An obwuel sech alles gutt unhéiert, gëtt et och weiderhin d‘Experten déi Warnen an op eng méiglech Manipulatioun vum Echange hiweisen.

„Mir bleiwe besuergt iwwert de Mangel un Transparenz an Regulatioun vum Bitcoin (…) Mir froen eis op d‘Echangen uerdentlech kontrolléiert ginn, an d‘Wärung net zu engem Objet vun der Manipulatioun an der Fraude verkënnt“esou d‘FIA, de Verband vun de gréisste Banken déi als „Mëttelsmann“ tëscht den Investisseuren an den Termingeschäfter stinn.

An der Konsequenz hu weder JPMorgan, Bank Of America Merill Lynch, Citigroup nach Barclays um Sonndeg „matgespillt“. Eenzeg Goldman Sachs an ABN Amro hunn sech als Intermediaire fir eng ausgewielte Clientèle ugebueden. „Nëmmen ee puer ‚Clienten‘ ze privilegiéieren“ géif Sënn maachen, esou béid Haiser gläichermoossen „well een esou de Risiko op e Minimum ka begrenzen“.

Fir schlechten „Iwwerraschungen“ aus de Féiss ze goen, waren all déi wou matmaache wollte gefuerdert, op mannst 44% vun der Zomm déi „gesat“ ginn ass, och reell ze hunn, esou d‘CBOE. Üblecherweis mussen d‘Händler nëmmen 10% vun der agesaten Zomm zur Verfügung hunn.

Net jidderee ka matspillen

Et muss een elo allerdéngs och wëssen, datt an der Welt vun den Termingeschäfter net jidderee ka matspillen. De Maart zu den Termingeschäfter ass nëmmen zougänglech iwwert ganz grouss Banken oder zougeloossen Händler. Déi mussen sech dann och engagéieren hiren Investisseuren déi geschellten Zommen an US-Dollar auszebezuelen. Si setzen sech immense Risken aus, sollten hir Clienten net amstand sinn ze bezuelen.

Den „Chicago Mercantile Exchange“ (CME) e weidere „Global Player“ am Beräich vun de Bourssen op dëser Welt, wäert den Echange vu Produiten op Bitcoin Basis dësen 18. Dezember offiziell starten. Am Januar sollt dann och den Nasdaq, d‘Plattform vun deene ganz groussen aus der Silicon Valley, wéi Google oder Facebook, de Bitcoin als Wärung ophuelen.

mam Luc Olinga/AFP

Related topics Bitcoin, CBOE, Chicago Mercantile Exchange, Goldman Sachs, JPMorgan
Next post Previous post