Bloe Mäerz: De Mount vun der Daarmkriibspräventioun

De Mount Mäerz gëtt traditionell « bloe Mäerz » genannt, well en der Präventioun vum Daarmkriibs gewidmet ass.

Dëse Kriibs ass nawell heefeg vertrueden – haaptsächlech bei Männer iwwer 50 Joer. Dobäi weist de Kriibs laang keng Symptomer a gëtt dowéinst spéit erkannt. Präventioun ass an deem Fall wichteg.

Gëtt de Kriibs fréizäiteg erkannt, kann en an 9 vun 10 Fäll geheelt ginn. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert recommandéiert dréngend, um Screening-Programm deelzehuelen, well et eng Fréierkennung vun der Krankheet erméiglecht an esou och besser Behandlungschancë bitt.

Dëse Screening-Programm riicht sech u Persounen am Alter vu 55 bis 74 Joer. Dës Persoune kréien eng Invitatioun mat der Post geschéckt – an dëser stinn all weider Informatiounen. D’Käschte fir den Test gi vun der Santé iwwerholl.

Bei engem positiven Test, recommandéiert den Dokter weider Ënnersichungen, ënnert anerem eng Daarmspigelung, déi vun engem unerkannte Gastroenterolog duerchgefouert gëtt. Och dës gëtt vun der Santé iwwerholl. D’Resultat vun enger Daarmspigelung kann normal sinn oder op Polyppen, Kriibs oder aner Erkrankungen hiweisen.

Dernières nouvelles