Search

You may also like

money
Kleng politesch Verfeelungen net iwwerbewäerten
Erkläert Neiegkeeten

Kleng politesch Verfeelungen net iwwerbewäerten

Si gëllt net nëmmen als, mee ass déi politesch seriéist

Deconfinement: d‘Fransouse ginn et gemälleg un
Erkläert Neiegkeeten

Deconfinement: d‘Fransouse ginn et gemälleg un

Ab muer Donneschdeg gëtt bei eis am Land dat modifizéiert

Anger Fest 3.0 – Headbange fir de gudden Zweck!
Erkläert Neiegkeeten

Anger Fest 3.0 – Headbange fir de gudden Zweck!

Et war schonn déi drëtt Editioun vum Metal Festival an

De Bluttspenderdag, erkläert

De Bluttspenderdag, erkläert

Haut ass den internationalen Bluttspenderdag. D’WHO (World Health Organisation) organiséiert deen zesumme mat Partner all Dag, fir d’Wichtegkeet vum Bluttspenden ze ënnersträichen. Mir erklären d’Hannergrënn.

Firwat si Bluttspende wichteg?

Bluttspende sinn a villerlee Hisiicht immens wichteg. Blutttransfusioune gi bei Operatiounen a bei der Éischtversuergung vu Patiente gebraucht. Och bei Gebuerten sinn esou Transfusioune wichteg, a kënne Risiken verréngeren.

Wourëmmer geet et beim aktuellen Bluttspenderdag?

De Motto vun dësem Joer ass „Spend Blutt. Spend elo. Spend oft“ (engl. „Give Blood. Give Now. Give Often“). Dobäi ass et wichteg, net nëmmen da Blutt spenden ze goen, wa grad eng Katastroph ass, mee och Reserven unzeleeën. Domadder kënnen Hëllefsorganisatiounen an d’Kliniken méi efficace schaffen. Laut der WHO hu Katastrophe weltwäit zu enger Millioun Doudeger geféiert. 250 Millioune Mënschen sinn dogéint all Joer dovunner betraff.

Wéi ass d’Situatioun weltwäit?

Laut WHO ginn all Joer 112,5 Milliounen Bluttspende gesammelt. Dobäi ginn d’Halschent dovunner a Länner gemaach, wou d’Gehälter méi héich leien. Tëscht 2008 an 2013 sinn d’Bluttspenden ëm 10,7 Millioune gewuess.

Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg?

Am Joeresbericht 2015 vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ginn e puer Donnéeën oppe geluecht: Et goufen zum 31. Dezember 2015 13.065 ageschriwwe Bluttspender. Dobäi ass de Prozentsaz vu Fraen, déi Blutt spenden, vun 2010 op 2015 vun 38,2% op 44,3% geklommen. Ze Bedenken ass, datt d’Unzuel vun de Spenden pro Persoun limitéiert ass: Fraen däerfen dräi mol, Männer véier mol am Joer. Laut de Statistiken spenden e Véierel vun de Leit allerdéngs keng eenzeg Kéier am Joer. Dëst ass e Punkt, wou d’Croix Rouge och nach nobessere wëll. Allerdéngs sinn d’Zuelen, wat Bluttspender hei am Land ugeet, stabil.

Wéi kann ech Bluttspender ginn?

D‘Croix Rouge zu Lëtzebuerg huet en Online Formulaire, wou een sech registréiere kann. Dofir muss een tëscht 18 a 60 Joer al an a gudder Gesondheet sinn. E Mindestgewiicht vu 50KG ass eng weider Viraussetzung. Ausgeschloss ass een, wann een tëscht 1980 a 1996 vir 12 Méint a Groussbrittannien war. Homosexueller ginn och vum Bluttspenden ausgeschloss.

Update 16:25 Auer: Informatiounen ergäenzt.

Related topics Bluttspender, Erkläert, WHO
Next post Previous post