Search

You may also like

Covid19-Chaos an Indien mat Folgen
International Neiegkeeten

Covid19-Chaos an Indien mat Folgen

D‘Autoritéiten, zesumme mat der Regierung an Australien, hunn sech eng

Haut ass den Dag vum Häerz – Passt gutt drop op!
International Neiegkeeten

Haut ass den Dag vum Häerz – Passt gutt drop op!

All Joer fannen sech d’World Heart Federation an déi Lëtzebuergesch

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat
International Neiegkeeten

Russesche Chefdiplomat iwwert d‘Ukrain-Telefonat

Fir de russesche Chefdiplomat Sergey Lavrov ass d‘Verëffentlechung vum Gespréich

Dem BoJo säi Club mécht nees Fisematenten

London wëll de sougenannten Nordirland-Protokoll nei verhandelen, Bréissel gesäit dat net an

Dem BoJo säi Club mécht nees Fisematenten

Et war ze ofzegesinn, datt sech d‘Britten net géife mat de Partikularitéite betreffend Nordirland offannen. Eigentlech ass de Brexit, vertraglech wéi diplomatesch ofgeschloss, mee unhand enger onséileger Virgeschicht, war dovunner auszegoen, datt Groussbritannien nach emol géif en Ulaf huelen, fir Ännerungen/Amendementer um Brexit-Ofkommes virzehuelen.

De brittesche Brexit-Beoptraagten David Frost huet gëschter zimmlech kloer gemaach, datt si – also d‘Britten an d‘Nordiren – esou net kënne weider maachen. London fuerdert erhieflech Ännerungen um Ofkommes. Gläiches kënnt vum Nordirland-Minister Brandon Lewis, fir deen d‘Neigestaltung vum Nordirland-Protokoll, mat deem d‘Douaneskontrolle reglementéiert sinn, existenziell ass.

Béid Politiker hunn an de Parlamentskummeren d‘Problemer nach emol virgedroen, déi mat dësem Text entstane sinn. Well vu Bréissel net alles berécksiichtegt gi wier, hätt et nees ganz zolidd a wuel och beonrouegend sozial Spannungen an Nordirland. D‘Villfalt beim Wuerenassortiment ass fort well eng 200 Entreprisen – wéinst dem administrativen Opwand – Nordirland net méi beliwweren.

Säitens Groussbirtannien kéint, dat ass esou am Accord virgesinn, dann Artikel 16 vum Vertrag an d‘Gespréich bréngen, wat dann zur eesäiteger Opkënnegung vum Brexit-Ofkommes géif féieren, a wuel nach vill méi wäitreechend wirtschaftlech Konsequenze mat sech géif bréngen. Dat allerdéngs manner fir d‘EU wéi fir den Empire. An dat wëssen den David Frost an de Brandon Lewis och…

Wat wëllt der?

„Mir wëllen elo direkt eng Diskussioun mat der EU iwwert dëse Plang an e Wee leeden. (…) Mir sollten dofir och ee Moratoire beschléissen, wat och heescht, rechtlech Moossnamen ze stoppen, fir esou sécherzestellen, datt et genuch Raum fir Verhandlungen huet. Bréissel muss en Zeeche vum gudde Wëlle weisen, fir eng Léisung erbäizeféieren“, esou dem Brandon Lewis säi Standpunkt.

Grondsätzlech geet et de Britten drëms, mat enger Reform vun den Handelsaccorden, déi vun der EU gefuerdert Mindeststandarden ausser Kraaft ze setzen. Domadder net genuch, London erwaart allen Eeschtes, datt EU-Institutiounen a ganz besonnesch den europäesche Geriichtshaff, keng Opsiicht- an Duerchsetzungsrechter méi sollen hunn. Wat et elo do nach soll ze verhandele ginn?

Zu Bréissel huet sech ee vu vill Vizekommissiounspresidenten zum brittesche Virschlag geäussert. Kuerz a knapp: „Eng Neiverhandlung vum Nordirland-Protokoll wäerte mir net zoustëmmen“, esou de Maros Sefcovic, deen awer Bereetschaft wéist, sech fir „kreativ Léisungen“ ze interesséieren. An Elo? Ma fir den Ament konzentréieren sech d‘Leit emol op déi grouss Vakanz, a gëtt gekuckt…

mat indymedia/lon/bru

Illustratioun: © Steve Johnson / unsplash

Related topics Brandon Lewis, Brexit-Beoptraagten, Brexit-Ofkommes, David Frost, EU-Kommissioun, Maros Sefcovic, Neiverhandlung, Nordirland-Protokoll
Next post Previous post