Search

You may also like

Be active: Deng Zukunft – Däi Wee! Infofoire fir Jonker an Elteren
International Neiegkeeten

Be active: Deng Zukunft – Däi Wee! Infofoire fir Jonker an Elteren

En Donneschden, de 25. Abrëll luet d’Nordstadjugend a.s.b.l. zesumme mat der

Preventiounstheater géint haislech Gewalt
International Neiegkeeten

Preventiounstheater géint haislech Gewalt

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer sou wéi

Geopoliteschen Dissens an der Chamber
International Neiegkeeten

Geopoliteschen Dissens an der Chamber

Um Mëttwoch hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) an der

De Bolsonaro „spillt“ mam Feier

Brasilianesche President geréit ënner Drock well hie mat der Direkthëllef fir d‘Bränn politesch Spillercher dreift

De Bolsonaro „spillt“ mam Feier

Zanter Wochen hänken eekeleg Dampwolleken iwwert der Stad Rio Branco. Am Waardesall vum Spidol sëtze masseg Leit, déi mat Otemproblemer an Entzündungen op Hëllef hoffen. Den Damp ass omnipresent a vergräift sech un der Gesondheet vun de Mënschen. Besonnesch eeler Mënschen a kleng Kanner dinn sech mat der Situatioun schwéier.

Datt de President vu Brasilien mat senger aggressiver Agrarpolitik d‘Bëschbränn eigentlech selwer geluecht huet, dat léisst sech net méi vun der Hand weisen. Datt zudeem nëmme ganz lues a mat vill Widderstand eppes géint d‘Brandrodungen ënnerholl gëtt, ass en traurege Fakt. De Bolsonaro huet wuel gesot, datt all Bundesstaat deen Zaldoten zur Brandbekämpfung ufuerdert och kritt, mee och dat leeft zimlech hallefhäerzeg. Bis ewell si grad emol ee puer honnert Zaldoten am Asaz…

BolsonaroSi gi vun zwee Läschfliger ënnerstëtzt, sollen awer e Feier vun enger Fläch esou grouss wéi d‘EU an de Grëff kréien. Dobäi ass och enger Regierung wéi déi vu Brasilien vollkomme bewosst, datt esou ee Bëschbrand wäit méi wéi eng logistesch Erausfuerderung ass. Datt de Bolsonaro aus dësem Grond all ugebueden Hëllef sollt unhuelen, misst een net extra betounen, woubäi dat „Feier“ ganz senge politesche Pläng a Verspriechen entgéint kënnt. Elo awer geréit de Faschist ënner Drock…

En internationaalt Uleies

Datt de Jair Bolsonaro den Agrarkonzerner de Reebësch wëll iwwerloossen, fir datt déi nach méi Flächen zur Verfügung hu fir haaptsächlech Soja ze planzen a Véizuucht ze bedreiwen, niewebäi d‘Urawunner aus sengem Bësch verdreiwe wëll, an och soss keng gutt am Kapp huet, dat kéint eis eigentlech egal sinn, schliisslech ass hien demokratesch gewielt ginn, a Souverän am eegene Land.

Um G7-Sommet hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vun de féierenden Industrienatioune Brasilien technesch a finanziell Hëllef ugebueden, déi de brasilianesche President – wéinst engem privaten Dissens mam Emmanuel Macron – wéi en dommt an trotzegt Kand zréckgewisen huet. Datt hien de franséische President zum perséinleche Feind erkläert huet, just well dësen den Amazonas als Patrimoine vun der Mënschheet bezeechent, wat senger Bedeitung fir de Klima geschëlt ass, mécht däitlech datt de fréieren Offizéier an Diktaturnostalgiker, eng reell Bedreeung fir d‘Brasilianer ass.

BolsonaroDe Macron misst sech fir unzefänke bei him entschëllegen, wann et zu Gespréicher iwwert eng méiglech europäesch „Interventioun“ am Kontext vun de Bränn am Reebësch komme soll. Gutt dat huet net laang ugehalen an den Toun huet sech iwwer Nuecht eppes „normaliséiert“, mee et ass den Drock aus der Bevëlkerung deen dat bewierkt huet. D‘Sondage sinn dem Faschist net favorabel…

D‘Hannermänner halen d‘Féiss stëll

Esou wéi sech de President derzäit opféiert, kann et och vu senge radikaliséierten Unhänger an de Wirtschaftsacteuren net oppe begréisst ginn. An elo mëschen sech och nach d‘Gouverneure vun den Amazonas-Bundesstaaten an. Déi hu sech gëschter mam Faschist zu enger Gespréichsronn getraff. Zu Brasilia hu si dem Jair Bolsonaro un d‘Häerz geluecht déi ugebueden Hëllef dach unzehuelen.

Woubäi een hei muss uecht doen: Si verknäppen hir Fuerderung net mat der Rettung oder dem Schutz vum Reebësch. Nee och hei geet et an éischter Linn ëm wirtschaftlech Iwwerleeungen. Si hunn einfach Angscht, datt d‘Fräihandelsofkommes tëscht der EU an de Mercosur-Länner kéint fale gelooss ginn, an et esouguer méiglech kéint sinn, datt Europa – wéinst der Bolsonaro-Politik – konsequent op brasilianesch Wuere verzichte géif. Dat wäert éischter net geschéien, well sech Kapital a Faschismus bei wäitem net esou friem sinn, wéi dat am allgemenge gären ugeholl gëtt.

Bolsonaro

An esou geet een dank héichwäerteger Bildung och mam Problem ëm. Bei esou Posts – nee dat ass kee Fake an net emol e Witz – kann een sech e Bild maachen, wéi einfach d‘Klimaskeptiker et dach gemaach kréien.

Schliisslech hat d‘EU-Kommissioun esou guer kee Problem domatter datt si a Brasilien deenen Instituter, déi de Reebësch virun illegaler Ofholzung an/oder Brandrodung solle schützen, wéi och d‘Ermëttlunge géint Ëmweltverbrieche solle féieren, d‘Finanze gestrach huet. INPE an Ibama hunn e Maulkuerf kritt, firwat Däitschland an Norwegen kee Geld méi an den Amazonasfonds stiechen.

mat indymedia/ccs/bog/nyc

Illustratioun: Derek Brian / Pixabay

Related topics Amazonas, Bëschbränn, G7 Sommet Biarritz, Jair Bolsonaro, Reebësch
Next post Previous post