Search

You may also like

OGBL Jugend: Fir ee besser encadréierten a reglementéierte Stage
International Neiegkeeten

OGBL Jugend: Fir ee besser encadréierten a reglementéierte Stage

D’Chamber bereet sech drop fir een neit Gesetz ze stëmmen,

Steierreform 2.0
International Neiegkeeten

Steierreform 2.0

Se stieche matten an de Koalitiounsgespréicher, an d‘CGFP fuerdert vun

Schwaarz Sheriffer an der Stad (eng Erklärung)
International Neiegkeeten

Schwaarz Sheriffer an der Stad (eng Erklärung)

Zanter enger Rei Woche sinn an der Stad, méi spezifesch

De Boris, d‘Angie an de Brexit

Britesche Premier wollt sech de „schéine Männche“ maachen an huet e Kuerf kritt

De Boris, d‘Angie an de Brexit

E Mëttwoch war de britesche Premierminister Boris Johnson zu Berlin, wou hien op en neits mat senger Fuerderung, d‘Sträichung vun der Garantieklausel (Backstopp) fir eng oppe grenz an Irland, un der däitscher Kanzlerin, Angela Merkel, gescheitert ass. Neiverhandlungen si vun der Kanzlerin zréckgewise ginn.

Schonn um Dënschdeg hat sech d‘Bundeskanzlerin bei der Island-Visite zur Grenzfro tëscht der britescher Provënz Nordirland an der Republik Irland geäussert. „Mir wäerten natierlech iwwer praktesch Léisungen nodenken“. Um Mëttwoch huet d‘Angela Merkel dës Ausso ergänzt. Si sot si wéilt sech mam Boris Johnson ënnerhalen, wéi de Brexit méiglechst konfliktfräi ze maachen ass.

BorisDe sougenannte „Backstopp“ gesäit vir, datt Groussbritannien esoulaang an der Zollunioun bleift, bis eng „besser“ Léisung fonnt gëtt, mat där „Grenzkontrollen“ iwwerflësseg sinn. Fir Nordirland sollen da weiderhin, zumindest partiell, d‘Regele vum EU-Bannemaart gëllen. D‘Hardliner ënnert den Tories hunn Angscht datt Groussbritannien esou dauerhaft un d‘EU kéint gebonne bleiwen.

E lëschtege Kärel

Natierlech huet de Boris Johnson nach emol betount, datt hie schonn um engem Austrëtt mat engem Ofkommes Interessi huet, seng Regierung sech awer op en haarde Brexit virbereede géif. Den 31. Oktober wier een dobaussen, ob mat oder ouni Accord, esou de BoJo. Fir hie läit dee Prozess elo an den Hänn vun der däitscher Kanzlerin an dem franséische President. Déi maachen awer net mat…

Boris

Fir säi „Verspriechen“ datt den Boris Johnson senge Landsleit am Kontext vum Brexit gemaach huet och anzeléisen, hat de Premier dem EU-Rotspresident Donald Tusk e Bréif geschriwwen, an dësem huet hien Noverhandlunge gefuerdert. Och hei war den „iresche Problem“ den zentrale Sträitpunkt. Bréissel kann sech net wierklech op Vertragsännerunge mam Boris Johnson aloossen.

Wirtschaftlech Risiken

Et war dann och déi britesch Handelskummer an Däitschland déi de Boris Johnson ermahnt huet dat mam „haarde Brexit“ nach emol ze iwwerdenken. D‘Stëmmung bei de Konzerner a gréisseren Entreprise wier ugespaant, well se no Analys vun der Sitautioun dovunner mussen ausgoen, datt de britesche Premier a seng Regierung „op béien a briechen“ de Brexit duerchzéie wëll.

Fir de Chef vun der britescher Handelskummer an Däitschland, kann eng Léisung nëmmen an engem Kompromëss tëscht der EU a Groussbritannien ze fanne sinn. Si weisen am wirtschaftleche Kontext drop hin, datt Däitschland mat Groussbritannien dee fënneft gréissten Handelsvolume weltwäit hunn, an en Austrëtt aus der Unioun ouni Accord e wirtschaftlechen Armageddon bedeit.

BorisHaut da geet et fir de Boris Johnson bei de franséische President Emmanuel Macron. Och hei dierft de britesche Premier op wéineg Versteesdemech fir seng abstrus Virstellunge vun Neiverhandlunge stoussen. Am Kontext vum Brexit gëllt de franséische President als Hardliner. Et dierften zu Paräis awer e puer Sujeten ugeschwat ginn, déi beim G7-Sommet zu Biarritz op der Dagesuerdnung stinn.

mat indymedia/ber

Foto: D‘Bundeskanzlerin huet beim Besuch vum britesche Premier „gutt Minn zu béisem Spill“ gemaach ouni op dem Boris Johnson seng Fuerderungen anzegoen. © Ausswäertiges Amt

Related topics Angela Merkel, Boris Johnson, Brexit, Emmanuel Macron, Noverhandlungen, Stéchdatum 31. Oktober
Next post Previous post