Search

You may also like

What the Fakt – Den éischten Timber “One Penny Black”!
Business Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischten Timber “One Penny Black”!

Mir schreiwen den haitegen Dag am Joer 1840. Bekannt ënnert

Emotional Trauerfeier fir den George Floyd
Business Neiegkeeten

Emotional Trauerfeier fir den George Floyd

D‘Famill, Frënn a Vertrieder aus Politik an Zivilgesellschaft, hunn gëschter

Onwieder vum 14. a 15. Juli: En éischte Bilan fir d‘Landwirtschaft
Business Neiegkeeten

Onwieder vum 14. a 15. Juli: En éischte Bilan fir d‘Landwirtschaft

No den Onwieder an den Iwwerschwemmunge vum 14. a 15.

Loscht op de Bouneweger Maart?

Loscht op de Bouneweger Maart?

En Dënschdeg, 18. Mee ass den neie Bouneweger Maart offiziell erëffent ginn. D’Erëffnung gouf vun de Stater Schäffen, Patrick Goldschmidt (DP) a Maurice Bauer (CSV) a Presenz vun de Verantwortleche vum Lëtzebuerger Maarteverband (LMV) virgeholl.

De Bouneweger Maart besteet zënter Ufank Abrëll a gëtt all Dënschdeg vu 16 bis 19 Auer op der Léon XIII Plaz (dat ass bei der Bouneweger Kierch) ofgehalen. Sënn an Zweck vun dësen, jo wuel eppes ongewinnten Zäiten: seng Kommissiounen an Rou an ouni Hetz no der Schaff ze maachen. Wie keng Kommissiounen ze maachen huet, kann awer och hei den Dag ausklénge loossen…

D‘Offer vun dësem Maart ass jo och erquicklech. Eng Dose Stänn invitéieren de Konsument derzou regional Produkter kennenzeléieren. An déi sinn, wie weess dat net, vu beschter Qualitéit. An dofir kommt och dir an entdeckt Friichten a Geméis, Fleesch, Brout a Mëtschen, Ham a firwat och net, ee gebrodene Poulet, Blummen, Bijouen, Kleeder an nach ganz vill méi…

Et huet eng grouss an interessant Auswiel, firwat mir da woen ze behaapten: „Et ass bestëmmt fir jiddereen eppes dobäi“. Duerch seng liicht accessibel Standplaz ass de Bouneweger Maart jo och einfach mam Bus oder Tram ze erreechen. Wie mam Auto komme muss, sollt dëse virzuchsweis am Parking vun der Schwämm ofstellen. Dat sinn 2 Minutten ze Fouss.

Weider Informatioune fannt Dir wéi gewinnt um Site vun der Stad Lëtzebuerg.

Illustratioun: Loscht op wierklech frëscht Uebst a Geméis? Dat dann och nach méiglechst vun engem Produzent aus der Groussregioun? Op de Lëtzebuerger Mäert – an den zu Bouneweg mécht do keng Ausnam – ass dat eigentlech garantéiert. De frëndleche Service ass am Präis abegraff. © Peter Wendt

Related topics Bouneweg, Lëtzebuerger Maarteverband, LMV, Maurice Bauer, Patrick Goldschmidt, Place Leon XIII, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post