What the Fakt – Dem Tschaikowsky säin Nossknacker gëtt uropgefouert
Dem Pjotr Iljitsch Tschaikowsky säin “Nossknacker” gehéiert zu dëse wanterleche Feierdeeg,
Dem Pjotr Iljitsch Tschaikowsky säin “Nossknacker” gehéiert zu dëse wanterleche Feierdeeg,
Am Moment leeft e ganz besonneschen Fussball-Event a Japan: de
Am Kader vun der Presentatioun vum Informatiounsspot „Alkohol um Steier
Et gëtt Béier an et gëtt „Six Hands & The Lying Dog“ vum Brauhaus Totenhopfen, ee mat deene beschte Lëtzebuerger IPA Béier déi d‘Land unzebidden huet. Dat erkläert och firwat deen „oft“ vergraff ass. Am Béier-Adventskalenner huet hien sech hannert der fënnefter Dier verstoppt wat sécherlech eng gutt Saach ass, well wat een huet, muss een net méi sichen…
Mam „Six Hands & The Lying Dog“ kann ee sech gewëss sinn, datt d‘Qualitéit stëmmt. Och dëse Béier ënnersträicht d‘Exzellenz vun der Handwierkskonscht zu Lëtzebuerg, och wann hien den Ament nach an der Belsch gebraut gëtt. D‘Rezeptur hunn Patrone vum Brauhaus Totenhopfen, d‘Patricia an de Sergio zesummegestallt a si leeën e ganz grousse Wäert op nobel Inhaltsstoffer.
Hien huet e schéine kloren a gëllene Bléck an en helle Kapp, sengem buedemstänneg Aromaen, d‘Zitrusfriichten déi een erausschmaache kann ouni datt déi sech u de Batterstoffer vergräifen, maachen hien ënnert sengesgläichen eenzegaarteg. Mat 6,7% Alkoholgehalt sollt een dësen IPA moderat genéissen, woubäi et wierklech schwéier ass. Et ass jo awer ee besonnesche Gesell…
Dësen duerchaus „sëffege Pleséier“ bréngt grad zur kaler Joreszäit eppes Sonn op den Dësch an, wien dësen och iwwer Dësch zerwéiere wëll, sollt en zu enger gudder Terrinn oder engem gehäerzte Paté ubidden. Zu esou landleefeg Platen wéi Judd mat Gaardeboune passt den „Six Hands & The Lying Dog“ iwwregens och. Et gouf eis zougedroen, datt hien zum Sushi eng gutt Bezéiung hätt.
Seng ideal „Betribstemperatur“ ass bei 7°C/8°C geleeën a wann hien och an all Glas passt, am beschten opgehuewen ass hien an enger Flütt. Esou kann een déi Detailer entdecken déi dëse Béier auszeechnen: liicht Nout vun engleschem Karamell, eppes vum Happ an de nobele Malz an déi scho benannten Zitrusaromaen. Et ass en douce mat enger zaarter Kuelesaier an enger liichter Textur.
Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu