Search

You may also like

Aarbechtsvisite vum serbeschen Ausseminister
Money Neiegkeeten

Aarbechtsvisite vum serbeschen Ausseminister

Leschten Donneschdeg war den Ausseminister vun der Republik Serbien, Nikola

Fir d’Gläichheet tëscht Fra a Mann: Stengefort ass dobäi!
Money Neiegkeeten

Fir d’Gläichheet tëscht Fra a Mann: Stengefort ass dobäi!

D’Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer, huet,

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt
Money Neiegkeeten

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch de Chantier vum Luxtram

money

De Budget als QR-Code

De Budget als QR-Code

Dat hat et nach net: de Finanzminister huet dem Chamberpresident net wéi gewinnt eng Tonn Pabeier op d‘Pult geknallt, eng Kaart mat engem QR-Code – gehéiert bestëmmt zum Programm „administration simplifiée“ – huet den Déngscht och gemaach. Stellt sech d‘Fro: „Weess dann de Chamberspresident eppes domadder unzefänken?“. U sech egal, wie liest dat schonn…

Wat den Entworf vum Staatsbudget 2022 betrëfft, esou dierft dat allermeescht dovunner längst an de Kommissioune berode gi sinn, a bei de Parteien huet et Mataarbechter an Experten, déi den Inhalt vun dësem Budget analyséieren. Zudeem schéngt sech kee musse wierklech Gedanke Maachen, well de Premier huet jo scho gëschter verroden, datt zu Lëtzebuerg alles beschtens ass.

Also beschtens bezunn op d‘Lag vun der Natioun, der wirtschaftlecher Reprise an dem Constat datt et net zu enger Austeritéitspolitik kënnt, ganz am Géigendeel. De Pierre Gramegna huet sengersäits nach emol ënnerstrach, datt mir gutt duerch d‘Kris komm sinn, wëll de Staat ausräichend finanziell Reserve fir déi sëllege wirtschaftlech Mesure fir d‘Entreprisen an d‘Menagen ëmzesetzen hat.

Och d‘Wirtschaft, esou de Finanzminister, hätt sech als Resilient géintiwwer de sanitärer Kris gewisen. Schonn Ufank 2021 war et esou méiglech, de Virkrisennniveau (wirtschaftlech) nees hierzestellen. Trotzdeem bleift et beim budgetären Defizit. Fir 2022 geet de Pierre Gramegna vun engem Defizit ëm déi 1,23 Milliarden Euro aus. D‘Schold beleeft sech dann op 27% vum BIP.

Foto: © Apollo Photography / unsplash

Related topics Chamber, Finanzminister, Pierre Gramegna, Politik, QR-Code, Staatsbudget
Next post Previous post