Search

You may also like

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.
Neiegkeeten

IWF an Weltbank: Pierre Gramegna zu Washington D.C.

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna war vum 11. bis den

Multimodalitéit fir jiddereen
Neiegkeeten

Multimodalitéit fir jiddereen

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, hunn d‘CFL, d‘Stad Lëtzebuerg,

Pipo Peng: Kee Bock
Neiegkeeten

Pipo Peng: Kee Bock

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

De Budget fir 2020 steet

Dräi Deeg verbal Ausenanersetzungen um Krautmaart fir e Budget ouni Substanz?

Gëschter hu se an der Chamber erwaardungsgeméiss de Budget 2020 an och de pluriannuelle Budget 2019-23 ugeholl. Dat allerdéngs just mat de Stëmme vun der Koalitioun, d‘Oppositioun konnt, an dat huet hi si iwwer Stonne mat zolitten Argumenter ënnerstrach, dësem Staatsbudget einfach näischt Positives ofgewannen, ausgeholl d‘Presentatioun vum Rapporter Yves Cruchten.

Déi verschidde Riedner aus dem Lager vun der Koalitioun hunn sech hannert de Budget gestallt, an deem awer 47% vun den Ausgabe fir Sozialleeschtunge virgesi sinn. De Klimaschutz stécht och am Budget däitlech als Prioritéit ervir. An et ass e Rekordbudget: 20 Milliarden Euro, dat huet et nach net ginn. Als weider Prioritéite stinn d‘Liewensqualitéit an den Infrastrukturausbau um Leescht.

Esou huet d‘Koalitioun och net duerchgoe gelooss, datt d‘Regierung voll Keesen awer keng Projete soll hunn. D‘Investitioune klamme géintiwwer 20189 ëm 12% a belafen sech elo op 2,8 Milliarden. D‘Berengegung vun den Ongläichheete soll och weidergefouert ginn. Gratuitéit vun de Crèchen, gratis ëffentlechen Transport, Elterecongé, Mindestlounerhéijung asw. géifen dat ënnersträichen.

Fir de Pierre Gramegna, dee wéineg fir d‘Kritik an d‘Argumentatioun vun der Oppositioun iwwreg hat, ass de Budget 2020 den Ausdrock vun enger ambitiéiser Politik. Hien huet sech drun erfreet, datt vun de Riedner aus der Oppositioun, wéineg zu ëffentleche Finanzen ze héiere war. Hien zitt de Schluss dorausser, datt ee sech an der Chamber eens ass, datt d‘Staatsfinanze gutt opgestallt sinn.

Related topics Budget 2020, Infrastruktur, Klimaschutz, Krautmaart, Liewensqualitéit, Pierre Gramegna, plurianuelle Budget 2019-23
Next post Previous post