Search

You may also like

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

KPL solidaresch mat de kämpfenden Aarbechter vu Guardian/Luxguard
Neiegkeeten

KPL solidaresch mat de kämpfenden Aarbechter vu Guardian/Luxguard

Den Aarbechtskampf bei Guardian/Luxguard geet weider a géigewäerteg setzen sech

Le Courage: Den eppes aneren Dageszenter
Neiegkeeten

Le Courage: Den eppes aneren Dageszenter

Mam soziale Bistro „Le Courage“ fanne vun der Gesellschaft ausgegrenzte

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn

No de villen Interventiounen zum Budget (5. Januar) war et dëse Freideg um Schäfferot seng Äntwerten ze ginn. An dat wat d‘Oppositioun déi lescht als „befriemlech“ bezeechent huet, wier dann awer schlussendlech eng ganz legal Prozedur. Datt een dat net muss gutt fannen, konnt dann am Raum stoe gelooss ginn.

D‘Ouverture vun den Äntwerten zu den Interventioune vun de Memberen zum Budget 2018, huet d‘Schoulschäffin Mandy Ragni gemaach. Si stellt dann och direkt emol kloer, datt der neier Equippe d‘Meenung vun den Escher wichteg ass. D‘Schäffin wëll sech dann och fir méi Fräiraim, fir déi Jonk asetzen.

An deem Sënn sollt et dann och eng Logement-Plattform grad fir déi Jonk ginn. Iwwerhaapt misst méi fir d‘Jugend gemaach ginn, an dat wier och den erkläerte Wëlle vum Schäfferot. Zudeem wier et falsch gewiescht vun der Oppositioun ze behaapten, datt „Escher Schüler“ méi oft géife versoen. Sinn 2011 nach ronn 20% an de Modulaire orientéiert ginn, 2016 waren et der nach 16%.

Net op Rumeuren agoen

De Schäffe Pim Knaf stellt fest, datt de Budget deen zur Debatte stoung, eigentlech nach dee vun der aler Equippe ass, a freet sech, op et och esouvill Interventioune ginn hätt, wann een dee vun der ofgewielter Majoritéit virgestallt ginn. Zu der Gewerbesteier, déi erofgesat soll ginn, ass de Schäffen averstanen, datt et net déi bestoend Escher Betriber sinn, déi an éischter Linn dovunner profitéieren.

Zu den Divergenzen déi sech am Beräich vun der Kultur ofzeechnen, stellt de Pim Knaf fest, datt déi nei Equippe sech de Projeten déi vun der aler Majoritéit unhëlt, vum Centenaire dee vrun der Dier steet, bis zu „Esch 2022“. Zum leschte Punkt bedauert de Kulturschäffen, datt een de „Rumeuren“ ze vill Opmierksamkeet bäimoosst. Datt d‘Museksschoul ze kleng gëtt ass e Fakt, an hei gëtt drop higewisen, datt ee muss Geld an de Grapp huelen, wann sech eppes soll änneren.

Esch stäipt sech géint den Outsourcing

Fir de Schäffen André Zwally, dee sech och ëm Personalfroe këmmert, war et wichteg ze betounen, datt kee wëlles hätt eppes un der Personalpolitik ze veränneren. Als Sozialpartner wier et wichteg, datt d‘Gemeng, esouwäit et d‘Statute vun de Salariéeën zouloossen, jidderee gläich behandelt. Zudeem géif et keen „Outsourcing“, beschtefalls eng punktuell projetbezunnen „Externalisatioun“.

Den André Zwally huet sech dann och virgeholl, dem Problem vun de verschiddene Statuten, déi duerchaus fir eng en déi selwecht Aarbecht zu Loundifferenze féiert, op d‘Spréng ze hëllefen. De Fuerpark gëtt am Sënn vun der Nohaltegkeet an dem Ëmweltschutz, erneiert, an hei ass jo och scho villes passéiert: elektresch Kiermaschinn, Camionnettë ginn op Naturgas ëmgestallt.

Urban Entwécklung muss nohalteg sinn

Fir de Schäffe Martin Kox war et wichteg ze ënnersträichen, datt et esouwuel bei der urbaner Entwécklung, wéi och de ville benéidegte Schoulen an éischter Linn ëm d‘Verbesserung vun der Liewensqualitéit muss goen, an dat a voller Transparenz. Dat gëllt dann och besonnesch fir déi dräi Entwécklungsstanduerter: „Sentier Rouge“, Belval an de Pôle Esch-Schëffleng (ARES).

Zu de Recetten déi vu Südgas a Südstroum generéiert ginn, muss sech drop gëeenegt ginn, datt en Deel dovunner och nees muss en d‘Nohaltegkeet investéiert. De Budget fir den CIGL ass erhéicht ginn, an et gëtt do och Projeten déi nach vun der EU ënnerstëtzt ginn. Eng Sozial-Immobilière soll geschafe ginn an de Bau, wéi och d‘Renovatioun vun de Schoulen, bleift e prioritäre Sujet.

D‘Laascht vun der aler Majoritéit

De Buergermeeschter Georges Mischo ass selbstverständlech och op d‘Interventioune vun der Oppositioun agaangen. Un d‘Adress vum Vera Spautz, huet hien, bei aller berechtegter Kritik, drop higewisen, datt seng Equippe Projete vun der aler Majoritéit muss ëmsetzen, an dat fir e Montant vun 244 Milliounen Euro. Ausgaben, déi de Budget vun der Gemeng fir mindestens fënnef Joer hypothekéiert.

Wat d‘Personalkäschte betrëfft, esou sollt een sech bewosst sinn, datt Esch 1.200 Leit beschäftegt, an et och nach weider Rekrutement wäert ginn. Heibäi dierf net vergiess, datt et mat der Reform, jo och méi Zouwennunge vum Staat gëtt. De Buergermeeschter huet awer verséchert, datt een dat am A behält. Eng Ausso déi esou och fir de CIGL gëllt, deen och Projete virgeluecht huet, déi vun der EU mat subventionéiert ginn.

Wat de Chômage, d‘Schoulen an d‘Wunnengsnout ugeet, esou dierf de Georges Mischo drop hiweisen, datt de neie Schäfferot, déi Problemer vun der fréierer Majoritéit iwwerholl huet. Dat stellt wuel den demographesche Wandel net a Fro, mee et kann een iwwer Nuecht kee Wunnraum schafen.

E neie Cactus um Horizont 2021

D‘Suergen déi am Bezuch op den Abrisud zum Ausdrock komm sinn, wiere berechtegt an déi nei Equippe wëllen sech dësem Thema unhuelen. Och d‘Renovéierung vum Sëtzungssall, muss elo ugepaakt ginn, déi steet zanter 2003 am Budget. Zu de Syndikater gëtt bemierkt, datt déi sech nach net all „gesinn“ hunn, an een am Moment net vill zu de neien Delegéierte ka soen.

Wat déi sëlleche Chantieren zu Esch ugeet, esou huet een hei alles am Bléck. Interessant, datt opgrond enger Rezenter Entrevue elo endlech och den Dossier „Cactus“ Formen unhëlt. De leschten Nouvelle no soll dee neien Akafszentrum (5.700 Quadratmeter) bis 2021 fäerdeggestallt ginn. Ofschléissend ass nach ënnerstrach ginn, datt een un „Esch 2022“ festhält an net dru gefréckelt gëtt.

De Budget rectifié 2017 an den ordinären 2018 sinn ouni d‘Stëmme vun der Fraktioun vun déi lénk ugeholl ginn

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Budget, Escher Gemengerot
Next post Previous post