Search

You may also like

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…
Neiegkeeten

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…

Säi Numm war e Mythos an eng Mark: Paul Bocuse,

Olympionik Tom Habscheid zitt seng Reverenz
Neiegkeeten

Olympionik Tom Habscheid zitt seng Reverenz

Knapp eng Woch nom Enn vun de paralympesche Spiller zu

Bosnien-Herzegowina huet seng éischt Gay-Pride ënner Protest iwwerstanen
Neiegkeeten

Bosnien-Herzegowina huet seng éischt Gay-Pride ënner Protest iwwerstanen

Iwwer 1.000 Mënschen haten sech der éischter Gay-Pride vum Land

Police: De Budget stëmmt, beim Rekrutement huet et Lacunnen

Police: De Budget stëmmt, beim Rekrutement huet et Lacunnen

E Bléck op déi fir 2021 vun der Regierung am Budget agesaten 230 Milliounen Euro fir d‘Police mécht däitlech: et feelt dem Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox (déi gréng), weder um Geld nach un den Ambitiounen. Déi strukturell Problemer bei der Police sinn allerdéngs grad esou ausgepräägt wéi d‘Kris am Logement, wat d‘Sich no Léisungen net vereinfacht.

An et ass net well een „decidéiert“ huet, datt d‘Police bis 2024 méi Leit soll bäikréien, datt et elo zu Waardeschlaange beim Rekrutementsbüro kënnt. Dat wier et awer eigentlech wat benéidegt gëtt an dofir misst een un enger Rei Schrauwen dréinen. Zum enge muss de Job méi attraktiv ginn an zum anere wäert een net derlaanscht kommen, d‘Opnamekonditiounen iergendwéi anescht ze gestalten.

Wann da scho riets ass, datt ee gewësse Beräicher och fir „EU-Bierger“ sollt kënnen opmaachen, wat fir allgemengt Gejäiz um politesche Spillfeld suergt an och vun de Gewerkschaften an aneren Acteure vun der Zivilgesellschaft ganz däitlech zeréckgewise gëtt, sollt ee vläicht emol observéiere wat sech an der Haaptstad deet, wou privat Sécherheetsfirmaen der Police sollen zur Hand goen.

Déi ëffentlech Sécherheet huet hire Präis

An deem vum Ministère fir bannenzeg Sécherheet virgeluechte Budgetsentworf ginn s‘Ausgabe vun de Personalkäschte bei der Police mat 228,4 Milliounen Euro beziffert. Dat si ronn 23 Millioune weider wéi nach am Staatsbudget 2019. Sollt et der Police gelénge beim Rekrutement d‘Virgaben anzehalen, géifen sech d‘Personalkäschte bis 2023 op 250 Milliounen Euro belafen.

Bei méi genauer Liesaart vum Budgetsentworf, geet et bei de Finanzen awer net eenzeg ëm Paien. Eis Beamte mussen och materiell besser ausstafféiert ginn. Fir Uniformen, nei Waffen an déi wichteg kugelsécher Weste brauch et och eppes Geld. An d‘Sonnereenheet vun der Police brauch och nach ee Roboter zur Bommenentschäerfung. Heifir goufen 2,8 Milliounen Euro agesat.

Police

Elo bleift eigentlech just nach ze klären, wéi d‘Police et wëll bewierkstellegen, am Schnëtt 207 Kandidate fir de Policedéngscht ze rekrutéieren. Et ass wuel keng einfach Aarbecht an et sollt ee schonn eppes méi wéi nëmme liesen a schreiwe kënnen. De Job u sech ass sécher an esou lues a lues schéngt d‘Regierung jo gewëllt, de Fuerderunge vun de Gewerkschafte Rechnung ze droen.

Related topics Budget, Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Police, Rekrutement
Next post Previous post