Search

You may also like

surprise
Kann Italien vun der EU Verantwortung erzwéngen?
Neiegkeeten

Kann Italien vun der EU Verantwortung erzwéngen?

Nodeems Italien sech weigert e Schëff mat 629 Migranten, déi

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)
Neiegkeeten

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)

En neien Ufank kann een ganz ënnerschiddlechst interpretéieren, dat weisen

money
Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet
Neiegkeeten

Bei der SES gëtt sech op eng „aner“ Zukunft virbereet

Déi Europäesch Satellittegesellschaft (SES) mat Sëtz zu Betzder ass net

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen

De Krautmaart dréit Trauerflor: de Camille Gira ass vun eis gaangen

Hie war en engagéierten, jo e passionéierte Politiker, deen sech als iwwerzeegten Ekologist op der politescher Bühn duerchsetze konnt. De Camille Gira (déi gréng) ass gëschter am Alter vun 59 Joer vun eis gaangen.

Uechtert Land ass den Trauer grouss, besonnesch zu Biekerech, wou hien als Buergermeeschter net nëmme vu senge Visioune gefuebelt, mee déi och ëmgesat huet. Beim Regierungswiessel 2013, ass de Camille Gira dann als Staatssekretär an den Nohaltegkeet- an Infrastrukturministère agezunn.

Hien huet e Mëttwoch um Krautmaart säi Gesetzprojet zum Schutz vun der Ëmwelt an de Ressource verdeedegt, an sollt matten a senger Ried an d‘Gette goen. Den Henri Kox, huet direkt reagéiert, mee de Staatssekretär hat ee schwéieren Häerzinfarkt erlidden. De Camille Gira ass wuel nach an d‘Spidol gefouert ginn, mee all Hëllef koum ze spéit.

An d‘Regierung huet dann och nach am Laf vum Owend déi traureg Nouvelle misse bestätegen. De Premierminister huet dann och dem Camille Gira senger Fra, den zwee Bouwen, esou wéi der ganzer Famill a senge Frënn, säin éierlecht Bäileed ausgedréckt.

E Réckbléck

De Camille Gira, zu Lëtzebuerg den 2. Juni 1958 gebuer, war Schüler vum Athenäum an dem Robert Schuman, an huet seng berufflech Carrière als Fluchkontroller verbruecht. 1982, mat nëmmen 23 Joer, engagéiert sech de jonke Biekerecher politesch, a gëtt och prompt Schäffen.

1990 dann, gëtt de Camille Gira vu „senge Leit“ zum Buergermeeschter gewielt. En Amt dat hien sollt bekleeden, bis hien 2013 an d‘Regierung antrëtt. Interessant ass beim Camille Gira, de Fait, datt hien eréischt 1993 an d‘Partei „déi gréng“ agetrueden ass. Hie war dann awer erwaart, 1994 mat op der Lëscht vun déi gréng Norden, an sollt och als Deputéiert an d‘Chamber kommen.

Zanterhier huet hien d‘Vertraue vun de Wieler behalen, a vill Politiker aus dem In- an Ausland, mee och ekologesch Experten, hu sech zu Biekerech vun de „Visiounen“ inspiréiere gelooss. Eng Gemeng, déi, niewebäi bemierkt, sech en e puer Joer schonn als energetesch Autark dierft erweisen.

Datt de Camille Gira eis elo verlooss huet, ass net nëmmen e grousse Verloscht fir Biekerech, déi gréng oder d‘Chamber. Dat ganzt Land verléiert mat dësem engagéierte Bierger, ee vu senge grousse Käpp. Een deen sech op Fakte konnt baséieren, an den Dialog ëmmer der Ausenanersetzung virgezunn huet.

Foto: E vun deenen, deen et verstanen hat fir d‘Bierger an d‘Ëmwelt Verantwortung ze iwwerhuelen. (Archiv) © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Biekerech, Camille Gira, déi gréng, Krautmaart
Next post Previous post