De Capitani ermëttelt erëm

D’Detektivserie Capitani ass « made in luxembourg » an huet 12 Episoden. Si gouf vum Thierry Faber kreéiert a war ënnert der Regie vum Christophe Wagner. D’Dréibuch gouf vum Thierry Wagner, Eric Lamhène an dem Christophe Wagner geschriwwen.

Déi éischt Staffel gouf fir d’éischt am Oktober 2019 op RTL iwwerdroen, wou se ee Rekord vun iwwer 1,5 Millioune Viewen (Live an Replay) erreecht huet. Domat huet se een symbolesche Meilesteen an der Geschicht vum Lëtzebuerger Fernsee iwwerschratt.

Déi vum Claude Waringo produzéiert Serie weist de Luc Capitani (Luc Schiltz), deen de mysteriéisen Doud vun engem jonke Meedchen an engem klengen Duerf ënnersicht. Jidderee schéngt komesch a geheim ze handelen.

Déi zweet Staffel ass elo endlech op RTL ze gesinn – an et muss ee schonn soen, de Capitani huet sech verännert. D‘Atmosphär ass düster, säi Charakter geheimnisvoll– ass hien wierklech undercover, oder verléiert en sech an den zwou ënnerschiddlechen Identitéiten? Dat bleift nach ofzewaarden.

Ëmmer Dënschtesowes gëtt op RTL ee Stéck Geheimnis aus dem Garer Quartier gelëft. Dobäi léiere mir nei Gesiichter a Charakter kennen an treffen op al Frëndschaften. Natierlech hoffe mir, datt dës Staffel och esou ee Succès huet, déi meescht Lëtzebuerger géinge sech bestëmmt iwwert eng weider Staffel voller Emotiounen freeën an dem Luc bei sengem Ermëttlungen iwwert d‘Schëller kucken.

Dernières nouvelles