Search

You may also like

Wann een net mat Hinne schwätzt gi se kazeg
Neiegkeeten Stories

Wann een net mat Hinne schwätzt gi se kazeg

Fir déi 53. Konferenz vun de Comitéë vun der CGFP,

Wa skurril Fantasie op Héngerhaut trëfft: Alles Guddes Tim Burton!
Neiegkeeten Stories

Wa skurril Fantasie op Héngerhaut trëfft: Alles Guddes Tim Burton!

Wat hunn d’Filmer Frankenweenie, Beetlejuice, Edward mit den Scherenhänden, Mars

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“
Neiegkeeten Stories

SEW-OGBL virun der Schoulrentrée: „Op ee Wuert!“

Ass et Absicht oder nëmme schlechte Wëlle vum Educatiounsminister? Dës

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft

Offiziell heescht et de Cascade ass ee gehappten Äppelwäi mat Kuelesaier. Mee dat sinn déi technesch Detailer, well fir eis a fir iech ass de Cascade e gëllege Cider, deen aus Äppel vu Lëtzebuerg a Cascade-Happ hiergestallt gëtt. Mat sengen 7,4% Alkoholgehalt sollt een deen méiglechst net ënnerschätzen. En ass, wann hie gutt gekillt Zerwéiert gëtt, nawell sëffeg.

Hiergestallt gëtt de Cascade-Cider aus den Äppelzorten: Rambo, – deem verschidde Variatiounen zougesat ginn, wéi de Boskoop, Bohnapel, Porzenapel, Lëtzebuerger Triumpf an de Lëtzebuerger Renette – Verantwortlech fir d‘Veraarbechtung ass d‘Ramborn Cider Co. De groussen Deel vun den Äppel kommen iwwregen s aus der Gemeng Mompech. De Ramboapel mécht 70% vum Inhalt aus.

An der Nues gëtt et liicht floral Nouten an och en Hauch vu Spekulatius. Seng Textur ass immens douce a wien net uecht deet, géif dat bestëmmt fir dee beschte „Jus“ halen deen him jee begéint ass, woubäi, dee doten „Jus“ huet et – wéi agaangs erwähnt – Fauschtdéck hannert den Ouere stiechen. A wien da mengt datt d‘Iren an d‘Briten et besser kënnen, ma déi hunn deen eloten nach net getest.

Et ass dann och guer net emol esou liicht e qualitativ héichwäertege Cider op de Wee ze bréngen. Hei ass mindestens esouvill Wëssen an Handwierkskonscht verlaangt wéi beim Béier brauen. Jo och beim Cider sollt een ëmmer wann et geet, Ofstand vun dem industriellen „einerlei“halen. Et wëll ee jo eppes fir säi Geld, a mam Cascade huet ee mat Sécherheet dee richtege Präis bezuelt.

Erlaabt eis nach drop hinzeweisen, datt d‘Ramborn Cider Co. den éischte Lëtzebuerger Betrib ass, an deem Cider fir kommerziell Zwecker hiergestallt gëtt. Et ginn nëmme frësch gepressten Äppel agesat an déi kommen aus heemesche Bongerten. Bei der Ramborn Cider Co. sinn Konzentrater tabu an industriell Plantage kommen och net a Fro. Jo och esou ass de Lëtzebuerger…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Äppel, Béieradventskalenner, Cascade, Cider, La Punta, Ramborn Cider Co.
Next post Previous post