Search

You may also like

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!
Geek Neiegkeeten

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!

[onionbuzz quiz-id=124][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer erëm vill schwéier

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren: Echange mam Minister Schneider
Geek Neiegkeeten

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren: Echange mam Minister Schneider

Gëschter huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider sech iwwert den digitale

money
De Wettlaf ëm en Impfstoff
Geek Neiegkeeten

De Wettlaf ëm en Impfstoff

Datt een d‘Coronaviruskris wuel nëmme mat engem Impfstoff wäert beendege

geek

De CHEM versicht et mat Innovatioun

De CHEM versicht et mat Innovatioun

Wann et wuel richteg ass, datt een Terrasse vun de Bistroen a Restauranten endlech nees dierf mat senger Präsenz visuell gestalten, esou ass et och richteg, datt an allen Haiser vum CHEM de Besuch bis op Weideres ausgesat ass.

Dat heescht Konkret, datt de Besuch zu Esch-Uelzecht, Diddeleng an Nidderkuer net méi erlaabt ass, woubäi et natierlech nees Ausname gëtt. Déi awer och nëmme fir net-Covid19 Patienten (wann dee besichte Mannerjäreg ass gëllt et fir d‘Elteren, de Mann dee bei de Gebuert wëll assistéieren, de Liewenspartner – hei awer maximal eng Stonn den Dag, oder wann de Patient an engem kriteschen Zoustand ass, asw.) an dat awer nëmmen op Zoustëmmung vum Dokter. Kléngt no engem Plang…

Fir alle déi aner heescht et sech mat den neien Technologie familiariséieren – wann dat nach net sollt de Fall sinn – well am CHEM setzt een op Innovatioun, fir datt d‘Patienten de Kontakt zu hire Léifsten oprecht erhale kënnen. All d‘Service si mat neien „Kommunikatiouns-Tabletten“ ausstafféiert ginn. Déi géifen eng besser Toun- & Bildqualitéit bidden, esou de CHEM. Mat dëser Technologie kënnen sech Patiente mat hirem sozialen Ëmfeld an engem digitale Salon gesinn.

CHEM

Wéi dat alles funktionéiert gëtt ausféierlech a franséischer Sprooch um Site vum CHEM erkläert. Agesat gëtt hei d‘Applikatioun „JistsiMeet“ eng 100% „open source“ Videokonferenzléisung, déi een och ouni mussen ee Konto unzeleeë benotze kann. Am Géigesaz zum vun der Regierung an der EU genotzte Léisung „Zoom“, ass dëse Service verschlësselt, wat zumindest eng gewësse Confidentialitéit versprécht. Fir op Nummer sécher ze goen, hei nach ee wichtege Link.

Illustratioun: © Markus Winkler / unsplash

Related topics Centre Hospitalier Emile Mayrisch, CHEM, Covid19-Pandemie, Innovatioun, JitsiMeet
Next post Previous post