Search

You may also like

Happ, Malz an Hief: méi brauch et net fir e Franciscus-Polaner Hausbéier
Neiegkeeten

Happ, Malz an Hief: méi brauch et net fir e Franciscus-Polaner Hausbéier

De Franciscus-Polaner, ass en donkele Béier mat engem Alkoholgehalt vun

Éilerenger Schlakentipp: „Mir zerstéieren d’Natur, fir d’Natur ze erhalen“
Neiegkeeten

Éilerenger Schlakentipp: „Mir zerstéieren d’Natur, fir d’Natur ze erhalen“

Wärend e Schlakentipp tëscht Éilereng an Esch-Uelzecht iwwert Jore brooch

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“
Neiegkeeten

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“

De Brendon Tarrant war schwéier bewaffent an zwou Moscheeën zu

De Chèque-Service ass duerchliicht ginn

Gutt oder Schlecht? D‘Analys vum LISER an der UNI.lu misst méi wäit féieren…

De Chèque-Service ass duerchliicht ginn

Am Kader vum „Child-Care 1“ Projet hunn d‘Dr. Audrey Bousselin (LISER) an de Pr. Arnaud Dupuy vun der Universitéit zu Lëtzebuerg, ee Kapitel der Analys vun den Auswierkunge vun de sougenannte Chèque-Service Accueil, déi 2009 agefouert goufen, gewidmet.

Et war dat eng emblematesch Moossnam, mat der den Accueil vun de klenge Kanner am leschte Joerzéngt sollt gefërdert ginn. D‘Resultater vun der Analys sinn am 8 Kapitel vum Buch „Cohésion sociale et territoriale au Luxembourg“ entspriechend duergestallt ginn. Béid Wëssenschaftler weisen dann och drop hin, datt sech de Chèque-Service positiv op d‘Aarbecht vu de Mamme mat klenge Kanner ausgewierkt huet.

Hire Beschäftegungstaux wier vu véier op siwe Prozentpunkte geklommen, d‘Wochenaarbechtszäit hätt zudeem ëm dräi Stonnen zougeholl. Esouwäit déi „generell“ Feststellung. D‘Auswierkunge sinn allerdéngs net eenheetlech: fir déi Mamme mat engem niddrege Bildungsniveau, mat engem Migratiounshannergrond oder déi wou „isoléiert“ sinn, wieren se méi ausgepräägt.

Et ass elo och gewosst, datt Elteren déi e Kand ënner 3 Joer hunn, méi Gebrauch vun de kollektiven Accueil-Strukture maachen an déi och méi Stonnen an der Woch notzen. An dësem Grupp huet de Recours op dëse Service ëm 4 Prozentpunkte. Am Schnëtt bleiwen d‘Kanner dann och dräi Stonnen d‘Woch länger an esou enger Struktur, sief et Crèche oder Dagesfoyer.

An der Etüd wëll dann och festgestallt ginn, datt et zu Verännerungen op ënnerschiddlechen Niveaue komm ass, zanter de Service 2009 agefouert ginn ass. An de Chèque-Service huet jo och säit deem eng Rei Modifikatiounen iwwert sech ergoe loosse mussen. Dëst Instrument zugonschte vu der Kandheet ass e feste Bestanddeel vun der nationaler Politik, a soll – aus globaler Siicht – zur harmonescher Entwécklung vun de Kanner bäidroen.

Hei wier et dann awer net vu Muttwëll, d‘Evaluatioun ze vervollstännegen an d‘Auswierkunge vun de Chèque-Service Accueil op d‘Wuelbefanne vun de Kanner, och ze ernimmen. (Den ausféierleche Communiqué fannt dir HEI)

Foto: Esther Merbt/Pixabay

Related topics Chèque-Service, LISER, Uni.lu
Next post Previous post