Search

You may also like

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 30. Oktober)
International Neiegkeeten Stories

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 30. Oktober)

[onionbuzz quiz-id=44][/onionbuzz] Et ass Weekend! Zäit fir d’Woch a Revue

Vereedegung vun 263 Professeren an Enseignanten
International Neiegkeeten Stories

Vereedegung vun 263 Professeren an Enseignanten

En Dënschdeg, den 9. Juli goufen 263 Léierpersoune vereedegt, déi

CHEM: Am Déngscht vum Patient
International Neiegkeeten Stories

CHEM: Am Déngscht vum Patient

Gëschter gouf zu Esch/Uelzecht de Bilan vum CHEM (Centre Hospitalier

De chinesesche Panda huet en décke Pelz

No der EU a Groussbritannien verhänkt Peking Sanktioune géint d‘USA a Kanada, vereenbaart dofir mam Iran eng strategesch Kooperatioun op 25 Joer an ass an Afrika op Expansiounskurs

De chinesesche Panda huet en décke Pelz

Well och d‘Amerikaner an d‘Kanadier op d‘Mënscherechtsverletzungen a China mat Sanktioune reagéiert hunn, huet Peking sengersäits Strofmoossname géint d‘Handelspartner ergraff. Domadder ass den Equiliber dann nees hiergestallt.

Als Reaktioun op d‘Sanktioune wéinst dem schlechten Ëmgang mat den Uiguren, huet China och Sanktioune géint Politiker aus den USA a Kanada verhaangen. Si betreffen ënnert anerem déi zwee Membere vun der US-Kommissioun fir reliéis Fräiheeten: Gayle Manchin an Tony Perkins. Bei de Kanadier sinn et den Deputéierte Michael Chong an de kanadeschen Ausschuss fir Mënscherechter.

Den 22. Mäerz hat schonn déi Europäesch Unioun, no de Britten, Sanktioune géint d‘Räich vun der Mëtt beschloss. Peking hat aus dem Stand geäntwert an zéng Politiker a Wëssenschaftler, esou wéi och véier EU-Organisatiounen, mat Strofmoossname beluecht. Peking ass veriergert, well déi hei genannte Länner an den europäesche Staatebond sech op Rumeuren an Desinformatioun beruffen.

Panda

Aus dem chineseschen Ausseministère kléngt dat dann esou: „Déi Sanktionéiert mussen déi politesch Manipulatiounen a Xinjiang Stoppen an ophalen sech an iergendenger Form an déi bannenzeg Ugeleeënheete vu China anzemëschen“. Déi „Sanktionéiert“ dierfen elo net méi an zentral China, Macao an Hong Kong areesen, Kooperatioune mat Chinese sinn hinne verbueden.

Och brittesch Politiker a Wëssenschaftler si vun dëse Sanktioune betraff, wat de Premierminister Boris Johnson dann awer nees zu sengem Virdeel ze notzen. Hien huet fënnef Deputéierter bei sech empfaangen a getwittert: „Ech sti fest un hirer Säit an un där vun aner brittescher Bierger, géint déi China Sanktiounen erlooss huet“. Domat ass de politesche „Prelude“ ofgeschloss…

En Ofkommes fir 25 Joer

Den Iran a China hunn ee Kooperatiounsofkommes gezeechent, an dozou seet de chineseschen Ausseminister Wang Yi: „Ons Bezéiungen zum Iran ginn net duerch déi géigewäerteg Situatioun beaflosst, mee si sinn dauerhaft a strategesch. (…) Am Géigesaz zu anere Staaten ännert den Iran seng Bezéiungen zu anere Länner net mat engem Telefonat“. Ee Constat deen esou falsch net ass.

Säitens dem iraneschen Ausseministère heescht et, datt mat dësem Accord de Grondstee geluecht gouf fir bei Wirtschaft, Handel a Logistik eng dauerhaft Zesummenaarbecht op d‘Been ze stellen. Heibäi géif béidersäits dem Privatsecteur eng grouss Bedeitung zougemooss. D‘Ajatollahen sinn iwwerzeegt, datt d‘Ofkommes vill zu enger Verbesserung vun de Bezéiunge mat Peking bäidréit.

PandaDe chineseschen Ausseminister Wang Yi mat sengem iraneschen Homolog Mohammad Javad Zarif. © Press Tv

Bezéiungen déi generell éischter gutt sinn. Schonn 2016 hat de Xi Jinping mam iranesche Kolleeg Hassan Rohani de „Rapprochement“ op de Wee bruecht. China an Iran haten sech an de Beräicher: Verkéier, Häfen, Industrie, Energie an Déngschtleeschtungen op eng enk Kooperatioun verstännegt. Den Handelsvolumme sollt bannent zéng Joer bis op 600 Milliarden US-Dollar héichgejot ginn.

Fir China ass d‘Ofkommes mam Iran Deel vu senger ambitiéiser Handelsinitiativ: „One Belt, One Road“, déi un déi historesch Handelsroute vun der Seidestrooss uknäppt. China ass zudeem de wichtegsten Handelspartner vun der islamescher Republik. Hei hat et iwwregens wirtschaftlech Opportunitéiten och fir Europa. D‘Amerikaner awer wollten dës Handelsbezéiung op kee Fall.

An Afrika um Virmarsch

D‘USA a China zerklappen sech net nëmmen ëm déi wirtschaftlech „Weltherrschaft“ mee liwweren sech och ee Kampf ëm „Wäerter“ (wuel verstanen hir Wäerter). Den afrikanesche Kontinent, ass besonnesch wéinst sengen onmoossege Ressourcen interessant a begiert. Net datt ee wéilt hunn, datt d‘Afrikaner generell selwer dovunner een Notze sollten hunn, woubäi d‘Chinese méi bidden.

Wärend westlech Konzerner eenzeg op Ausbeutung an Ënnerdréckung vun der lokaler Populatioun aus sinn (Mënscherechter an Ëmweltschutz kaschte Geld) investéieren d‘Chinesen a lokal Betriber, bauen Infrastrukturen a Schoulen. Chinesesch Ambassaden um schwaarze Kontinent hu Geld a wann do ee Land een Hafe baue wëll, hunn déi schonn d‘Baufirma an d‘Finanzéierung organiséiert.

PandaAn Amerika ginn se nervös, firwat elo eng Marketing-Strategie muss ausgeschafft ginn, déi och vun de Bierger gedroe gëtt. Afrika ass räich u Ressource, et sollt ee folgerichteg net dovunner ausgoen, datt d‘USA wëlles hunn de Mënschen um schwaarze Kontinent well de Wuelstand ze bréngen.

Datt China den Amerikaner de Rang ofleeft ass allerdéngs ganz normal. Chinesen denken an aneren Zäitdimensioune wéi d‘Amerikaner, déi just Profitorientéiert agéieren a méiglechst kuerzfristeg dat maximaalt Auskomme generéiere wëll. Si lackelen déi afrikanesch Jugend net mat enger oppener Gesellschaft am Still vun den USA, bidden awer Bildung a Perspektiven. Woubäi einfach ass et net.

Et ass dovunner auszegoen, datt sech d‘Amerikaner ënnert dem Joe Biden, an am Kontext vun der neier Weltuerdnung, wäerte mat de Chinesen ëm politeschen a wirtschaftlechen Afloss an Afrika streiden. Op d‘Afrikaner kënnen d‘Notznéisser vun esou engem Sträit sinn? Wéinst der politescher Instabilitéit um Kontinent an den islamesche Milizen, sinn se nach wéit vun Emanzipatioun ewech.

mat indymedia/was/ott/tlv/bam/mag

Illustratioun: © Xtina Yu / unsplash

Related topics Afrika, Ausbeutung, China, Europa, Iran, Kanada, Ofkommes, Ressourcen, Sanktiounen, USA
Next post Previous post