De Concert vum ADAMO zu Lëtzebuerg

ADAMO, de belsche Sänger a Songwriter vun italienescher Hierkonft, dee souguer de Adelstitel vun engem Ritter huet, ass bestëmmt (bal) jiddwerengem e Begrëff, seng bekanntste Lidder sinn a ville Stuffen op an of gelaf.

Dobäi huet net nëmmen déi eeler Generatioun seng Texter auswenneg kannt, och d’Kanner hunn sou haart matgesonge wéi et méiglech war.

Dofir ass et bestëmmt fir vill Leit eng grouss Enttäuschung, datt säi Concert vum 12. Juni 2021 an der Philharmonie opgrond vun der sanitärer Kris ofgesot ginn ass.

Mee d’Hoffnung ass nach net ganz verluer, en neien Datum steet scho fest a gouf confirméiert.

De Concert fënnt Méindes, den 30. Mee 2022 statt, all Ticket behält seng Validitéit.

Wien schonn d’Bekanntschaft mam Adamo senge Lidder gemaach huet, weess datt seng Stëmm onverwiesselbar ass a sech fest an den Häerzer festsetzt. Hien ass als Gentleman bekannt – gutt ugedoen a charmant, dobäi huet hie kee Problem mat sengem sproochleche Wëssen ze spillen.

Seng Lidder sinn net nëmmen eenzegaarteg, duerch dat Franséischt, Englescht an Spuenescht kann e se scho bal als kleng Rees bezeechnen.

Do kann e wierklech vu Gléck schwätzen, datt de Salvatore Adamo nach laang net un d’Ophalen denkt. Dat ass nawell eng stolz Leeschtung, wann e bedenkt datt de Sänger schonn iwwer 70 Joer huet.

An da ginn et nach gutt Noriichten!

Et sinn nach Sëtzplazen iwwereg, dës kënnt Dir an alle bekannte Virverkafsplazen an ënnert folgendem Link kafen.

Dernières nouvelles