Search

You may also like

Kannersäiten am Internet
Neiegkeeten

Kannersäiten am Internet

Den 21. Oktober war den Dag vun de Kannersäiten am

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer
Neiegkeeten

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer

Et war erëm un der Zäit a bei beschtem Summerwieder

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019
Neiegkeeten

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019

Fir d‘Katholiken ass déi traditionell Iechternacher Sprangprëssessioun, déi wichtegst reliéis

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach

Um Freideg huet de Regierungsrot den Tracé vun der neier Achs (duerch de Bobësch) vum Contournement vu Käerjeng validéiert. Et ass dann awer genee deen Tracé, deen déi Suessemer Gemeng net wëll hunn. Hei dierft dat lescht Wuert dann och nach net geschwat sinn.

Zwee ganzer Joer huet d‘Regierung um Gesetztext geschriwwen, an elo läit en um Dësch. Esouvill Zäit war néideg, fir sech déi Variant auszesichen, déi als bescht Léisung elo och soll ëmgesat ginn. A während een zu Käerjeng de Contournement léiwer gëscht wéi haut hätt, ass een zu Suessem ganz a guer net mam Tracé zefridden.

Esou wéi dann elo awer entscheet ginn ass, gëtt d‘Variant un d‘Collectrice (A13) ugeschloss. Vun do aus féiert se a Richtung Nordosten, wou se iwwert d‘Vëlospist geleet gëtt an dann duerch de Bobësch leeft. Duerno geet et laanscht d‘Eisebunn bis d‘Variant op d‘N5 stéisst. Alles an allem ass D‘Variant 4,2 Kilometer laang.

An de Bobësch ass dann och de Punkt um deem d‘Positiounen sech verhäerten. Tatsächlech ass et esou, datt de Bobësch eigentlech als „Zon Natura 2000“ ausgewisen, e Naturschutzgebitt ass, an domatter eigentlech Tabu. Zu Suessem ass een dann och net wierklech gewëllt der Entscheedung vum Regierungsrot Rechnung ze droen.

Related topics Contournement, Käerjeng, Regierungsrot, Suessem
Next post Previous post