Search

You may also like

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert
Neiegkeeten

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert

Houfreg presentéiert d’Stad Esch säin neie Projet „E-Senior“. Zil ass

CGDIS: Brand an engem Eefamilljenhaus zu Uewersyren
Neiegkeeten

CGDIS: Brand an engem Eefamilljenhaus zu Uewersyren

Gëschter Moien sinn d’Asazkräft vum CGDIS op Uewersyren geruff ginn.

mateneen. Demokratiebildung an der digitaler Gesellschaft
Neiegkeeten

mateneen. Demokratiebildung an der digitaler Gesellschaft

Dat véiert Heft vun der Rei „mateneen – Praxishefte Demokratische

De Covid19 fuerdert nei Affer

De Covid19 fuerdert nei Affer

Et gëtt nach ëmmer Mënschen am Land déi sech schwéier dinn d‘Covid19-Pandemie als eng reell Bedreeung fir Leif a Séil unzëerkennen, mee déi plakeg Fakte schwätzen eng däitlech Sprooch: Et stierwe Leit un dëser Infektiounskrankheet. Esou eng Persoun um Méindeg an eng weider gëschter, wat d‘Zuel vun den Affer op elo 122 erhéicht huet.

An de leschte 24 Stonne sinn dann och 26 Persounen, wouvunner 1 net-Resident, positiv getest ginn an den Total vun den Infektioune bei eis zu Lëtzebuerg huet op en Dënschdeg Owend 7.263 Fäll bedroen. 45 Persoune mussen am Spidol behandelt ginn, dat sinn der 5 méi wéi nach e Méindeg, an dovunner befannen sech 4 Patienten (-2 géintiwwer dem Virdag) op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg gëtt et aktuell 898 offiziell „Aktiv Infektiounen“ (-27) wat als „gutt“ dierf bewäert ginn. Um Dënschdeg goufen 6.051 PCR-Tester duerchgefouert, wat bezunn op d‘Summervakanz net schlecht ass. Et muss een op dëser Plaz awer ëmmer nees drop hiweisen dierfen, datt et wierklech sënnvoll ass, sech testen ze loossen, firwat een d‘Invitatioun dozou honoréiere sollt.

Mir wäerte mat dësem Phenomen nach eng länger Zäit ze kämpfen hunn, zumindest bis et ee Vaccin gëtt. An d‘sich no engem Impfstoff gëtt jo weltwäit virugedriwwen. Ronn 170 Projete gëtt et, an eng Rei erfreelech Noriichten och. Esou hunn d‘Russen den Impfstoff „Sputnik-V“ gëschter ganz offiziell zougelooss, woubäi sech hei net soll un international Standarde gehale gi sinn.

Op a wéi gutt dësen Impfstoff ass léisst sech vun dëser Säit aus net erklären, an och déi russesch Bevëlkerung wäert bis zum Fréijoer net vun dësem Vaccin profitéiere kënnen. Dee soll fir unzefänke vun den Dokteren an de Leit aus dem Fleegesecteur „ausprobéiert“ ginn. Esou zumindest de leschten Informatiounsstand. A bis et en Impfstoff gëtt, sollt ee sech un d‘Regelen halen.

Illustratioun: © SJ Obijo / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Impfstoff, Neiinfektiounen
Next post Previous post