De Covid19 geet an d‘Primärschoul

An der Chamber huet et Volleksvertrieder, deenen déi pandemesch Lag am Fondamental eppes vill Suerge bereet. Verständlech, wa gewosst ass, datt zanter der Rentrée iwwer 3.400 Infektiounsfäll ze bekloe sinn. An dann heescht et och nach datt grad déi jéngst betraff wieren, natierlech nëmme well se net geimpft sinn. EMA huet elo d‘Vaccin fir Kanner an 5 Joer fräi ginn, wéini gëtt elo geimpft?

Gutt, d‘Impfung vun eise Kanner war elo net direkt Géigestand vun der Fro, mee et muss ee sech den Fakte stellen. Aus der gemeinsamer Äntwert vun den ugeschwate Minister geet jiddefalls ervir, datt tëscht dem 15. September an dem 21. November am Primäre eppes méi wéi 2.200 „Fäll“ an am Secondaire nach emol méi wéi 1.200 „Fäll“ (d‘Enseignanten abegraff) hat. Wärend am Secondaire d‘Jugend vun der Santé den Impfstoff op der Plaz verofreecht kritt, geet dat am Primäre nach net.

Datt et iwwerhaapt opfält, huet wuel och domadder ze dinn, datt an de Schoulen nach eppes méi getest gëtt, wat elo awer éischter positiv ass. Dës Kanner kënne jo, och dat ass mëttlerweil gewosst, déi geimpft erwuessen ustiechen. Déi mussen dat net emol mierken, well de Vaccin – wann ee richteg wierkt – jo den „Ausbroch“ wéi „de schlëmme Verlaf“ ënnerdréckt. Esou droen dann déi geimpft dank gréngem CovidCheck de Virus weider, ouni dat ze wëssen. An do gëtt net méi getest.

Wat dann awer trotzdeem positiv aus der gemeinsamer Äntwert ze enthuelen ass: et huet nach keen Impakt op d‘Hospitalisatiounen. Bei de Krapperte souwisou net, a bei den Erwuessene schéngt sech de „Status Quo“ ze halen. Zudeem wierkt den Drock deen d‘Politik op de „Choix“ vun de Leit ausüübt, an et huet ëmmer méi Zousproch fir sech impfen ze loossen. Elo brauch et nach eppes méi Bereetschaft sech och déi drëtt Dosis ofzehuelen an am Fréijoer si mir da mat allem duerch….

Annexen:

Dernières nouvelles