De CovidCheck op der Schaff

D‘Tripartite wier um gudde Wee en Accord zur Aféierung vun der Obligatioun ze fannen

Bei der fakultativer Aféierung vum CovidCheck op der Schaff, haten d‘Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL, wëll si sech och fir d‘Rechter vun de Leit agesat hunn – déi vum Choix, deenen hinne vun der Regierung octroyéiert ginn ass, gebrauch gemaach hunn – zolidd de Marsch geblose kritt, well si déi Geimpfte géife vernoléissegen.

Datt dat ee béisaarteg, wann och begrënnten Ënnerstellung ass, schliisslech huet keng Gewerkschaft d‘leit ermontert sech net impfen ze loossen, de Géigendeel ass de Fall, huet alt nees derzou gefouert, datt si Stellung bezéie mussen. Esou heescht – an dat war schonn déi ganzen Zäit esou de Fall – datt een net déi ongeimpft Salariéë géif stäipen. Et ass ee weiderhin dovunner iwwerzeegt, datt eenzeg d‘Impfung de Wee aus dëser sanitärer Kris ass. Anersäits gëtt et en Aarbechtsrecht.

An den Job vun de Gewerkschaften ass et jo wuel och dofir Suerg ze droen, datt dëst agehale gëtt. De Fait datt Salariéeë musse „bezuelen“ fir op d‘Schaff ze goen, ass a bleift eng rout Linn, déi net dierf iwwerschratt ginn. Leider huet sech d‘Regierung drop ageschoss, de Leit wou sech net dem „Choix“ vun der Regierung – dee jo awer ganz ëmfänglech, wann och mat drolegen Argumenter, laang a breet der Bevëlkerung erkläert ginn ass – uschléissen, d‘Liewen onméiglech ze maachen.

Dat ass en neit Demokratieverständnis dat sech breet mécht an et schéngt een sech elo och bei anere Recommandatiounen, mussen dem Choix vun der Regierung uschléissen. Bei de Verhandlungen déi zanter ee Méindeg an der Tripartite (Staat, Gewerkschaften a Patronat) lafe soll elo den legale Kader fir den obligatoresche CovidCheck op der Schaff etabléiert ginn. De Patron dierf dann och Lëschten, betreffend den Impfstatut vum Salarié uleeën. Entloossunge soll et keng ginn…

Et brauch eng Léisung

Haut fënnt dann déi drëtt a wuel decisiv Verhandlungsronn statt, a wann d‘Gewerkschafte bis heihinner de „konstruktive Charakter vun den Debatten“ begréissen, esou dierf drop higewise ginn, datt sech d‘Regierung, wuel aus ganz gudde Grënn, laang geweigert huet de sozialen Dialog unzegoen. Elo schéngt dës esouguer beméit ee Kompromëss ze fannen. Bei de Gewerkschaften ass een den Ament emol zefridden, datt d‘Obligatioun eréischt Mëtt Januar soll a Kraaft trieden..

Datt d‘Gewerkschaften an dësem Kontext eppes Waasser an de Wäi geschott hunn, ass vill dorunner geleeën, datt si gewësse Punkte konnten duerchsetzen. D‘Patronat ass iwwer dëse Fortschrëtt manner erfreet, wëll d‘Regierung sech missen derzou engagéieren, datt kee säi Job verléieren dierf. Ob dat och fir Mënsche gëllt déi net an enger Gewerkschaft sinn, Schäiselbstänneger an oder därer déi fir Interim-Agence wudderen? Wuel éischter net, déi hate scho virdrun aner „Rechter“.

Mee och wann d‘Patronat kengem dierf de Stull virun d‘Dier setzen, esou hunn déi als Handlaanger vun der Regierungspolitik (jo stinn hei an der Schold a kënne wuel net anescht wéi der „Demande“ Rechnung droen) aktivéiert Patrone vill Mëttel hiert Personal ze strizen. De Volet Sanktiounen an erzwongene Congé, bis hin zur Aussetzung vum Gehalt fir net geleeschten Aarbechtsstonnen, gëtt aktuell op de Leescht geholl. An da muss gekläert ginn, wien fir d‘Tester hei opkomme muss/soll.

Notéiere mir an dësem Kontext just, datt et faktesch méiglech ass, als geimpften Infizéiert ze sinn, och ouni de geréngste Symptom (dat ass jo den Zweck vum Vaccin) firwat de bessere Wee den Test fir jidderee wier. Mee gutt, dat mam koherente Virgoe vun eise politeschen Acteuren – déi weder schold an laang net alles falsch gemaach hunn – ass zumindest frowierdeg. Elo „hoffen“ dann och d‘Gewerkschaften, datt den „neien“ Drock vill Leit vum Notze vun der Impfung iwwerzeegt.

Dernières nouvelles