Search

You may also like

OFGESOT: D’Bat Night zu Noumer fënnt net statt
International Neiegkeeten

OFGESOT: D’Bat Night zu Noumer fënnt net statt

Duerch déi aktuell Situatioun huet den Natur- a Geopark Mëllerdall

Wat leeft am November op Netflix?
International Neiegkeeten

Wat leeft am November op Netflix?

En neie Mount bréngt nei Saachen op Netflix. Hei presentéiere

TGV am Elsass entgleist: 21 Blesséierter
International Neiegkeeten

TGV am Elsass entgleist: 21 Blesséierter

En TGV (Schnellzuch vun der franséischer Eisebunn) dee Stroossbuerg mat

Huet de Cowboy Joe den Tiger schonn erluecht?

Den nordkoreaneschen Diktator schéngt net am Bléckfeld vum US-President opzetauchen

Huet de Cowboy Joe den Tiger schonn erluecht?

Fir déi nei Ekipp vum Wäissen Haus, schéngt de „béise Jong“ vu Pyongyang, wuel den Ament eng éischter niewegeuerdent Roll ze spillen. De Joe Biden huet den Ament säin Aemierk op aner, och relevant Dossieren, fokusséiert. Dat sinn zum engen d‘NATO, China, Iran a Russland. Elo kéint den nordkoreaneschen Diktator dat als Aluedung fir nei Provokatioune verstoen.

De Joe Biden, esou d‘Analysten, géif weder op d‘Gedold vum Obama, nach op den Deal vu sengem Virgänger setzen. Hien hëlt d‘Ofkierzung an mécht den Nordkoreaner verständlech, datt et der kéint zolidd op d‘Sabbel ginn, wann sech de Konflikt weider verschäerft. Anersäits ginn diplomatesch Schrëtter an Aussiicht gestallt, falls sech de Kim Jong-un zur Denukleariséierung bekenne géif.

Eng sécherlech och eppes pragmatesch Astellung géintiwwer engem Problem, dee wuel ouni Drock aus Peking net wäert ze léise sinn. Fir gewësse Kreesser – an den USA feelt et net u sougenannten „Denkfabricken“ am Déngscht vum militäresche Komplex – dierft sech de Joe Biden net dovunner blende loossen, datt Nordkorea zanter elo bal véier Joer keen Atomtest méi organiséiert huet.

D‘Bedreeung wier kee Stéck méi kleng ginn, heescht et säitens engem ex CIA-Mataarbechter, deen aktuell eppes méi Geld bei der als Denkfabrick getarnten Institutioun Brookings verdéngt. De Jung Pak bezitt sech op eng Etüd, déi vun engem britteschen a russesche Strategieinstitut ausgeschafft ginn ass. Déi hei gewonnen Erkenntnisser wieren héchst beonrouegend, esou emol d‘Ausso.

Interessant Conclusiounen

Richteg ass, datt och wann de Kim seng Landsleit erhéngere léisst, Nordkorea iwwer ganz fäeg a systemkonform Wëssenschaftler verfüügt. Laut dem Anton Khlopkov vum Zenter fir Energie- a Sécherheetsetüden (CNESS) kommen dës Wëssenschaftler mat vill ëffentlech zougänglechem Wëssen an dem iwwer verschlonge Weeër zougespillte Materialie ganz gutt an effektiv virun.

Gleeft een elo dëser Etüd, da verfüügt Nordkorea iwwer genuch Plutonium an Uran, fir bis zu 47 Atomsprengkäpp hierzestellen. Dat wiere bei den aktuelle Produktiounsméiglechkeete bis zu 5 Atombommen, déi d‘Nordkoreaner all Joers kéinten zesummeschrauwen. Déi muss een dann awer uechtert d‘Géigend schéisse kënnen, firwat mat der gläicher Ustrengung u Rakéite geschafft gëtt.

Et ass bekannt, an de Vertrieder vum Londoner Strategieinstitut IISS, Mark Fitzpatrick, weist nach emol drop hinn, datt sech Pyongyang schonn eng Rei Kuerz- a Mëttelstreckerakéiten zougeluecht huet, déi als „erprouft“ gëllen. Zesumme mat sengem russesche Kolleg, sinn dës Analysten elo der Usiicht, datt de Joe Biden dësem „Problem“ gréisser Opmierksamkeet zougestoe sollt an zwar elo.

mat indymedia/was

Illustratioun: © Micha Brändli /unsplash

Related topics Atomwaffen, Denkfabrick, Joe Biden, Kim Jong-Un, Nordkorea, Pyongyang
Next post Previous post