Search

You may also like

Besser Loft fir méi Liewensqualitéit
Neiegkeeten

Besser Loft fir méi Liewensqualitéit

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d’Ëmweltverwaltung informéieren

Europäesch Mobilitéitswoch: Gratis ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

Europäesch Mobilitéitswoch: Gratis ëffentlechen Transport

Am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2019 kënnen d’Notzer vum

14 Juli: Alles op de Vëlo!
Neiegkeeten

14 Juli: Alles op de Vëlo!

De Mouvement Ecologique (MeCo) a seng regional Sektioun „Miersch an

De Fairtrade Label: Eng Garantie fir de fairen Handel

De Fairtrade Label: Eng Garantie fir de fairen Handel

Mir verdanken et de Baueren op der ganzer Welt, datt mir all Dag een enorm grousst Sortiment u Liewensmëttel am Supermarché fannen. Nach ëmmer gi mir hei zu ronn 70 % vun der Landwirtschaft bedéngt, wat virun allem an aarme Menagen a ländlechen Géigenden eng wichteg Akommes- a Beschäftegungsquell ass.

Et ass ee grousse Problem, datt d’Mënschen, déi um Ufank vun der Liwwerkette stinn, ënnert extrem schlechte Bedéngungen schaffen an am Endeffekt mat schwéiere Liewensverhältnisser kämpfen. Zur Zäit vum Klimawandel ass et wichteg ze wëssen, datt grad kleng Bauerebetriber am meeschten vun enger Hausse vun der Temperatur betraff sinn. Schonn 1°C méi kann zu 5-10 % manner Kar féieren. Schwéier Drëscheperioden maachen d’Felder onbebaubar.

Hei kennt Fairtrade an d’Spill fir Produzenten a Produzentinnen an Afrika, Asien a Latäinamerika bei dëser Problematik ze hëllefen. Schonn 73 Ubaulänner profitéieren dovun, méi Matbestëmmungsrecht ze kréien, u Formatiounen deelhuelen, fir esou hiren Ertrag ze steigeren, ee stabille Loun fir hir Aarbecht ze kréien a generell ënnert besseren Aarbechtsbedingungen ze schaffen.

De Fairtrade Label garantéiert dem Verbraucher, datt de Produit den internationale Fairtrade Standarden entsprécht, déi vu Fairtrade International, zesumme mat nationalen Organisatiounen a Produzentenetzwierker entstane sinn. Et steet fir fair ugebaut a gehandelt Produiten, wouduerch d’Klengbauerenkooperativen vu stabille Präisser a laangfristegen Handelsbezéiungen profitéiere kennen. Zu de Standarde gehéieren awer och Kritäre, wéi demokratesch Organisatiounsstrukturen, Ëmweltschutz a sécher Aarbechtsbedingungen. Eng richteg gutt Saach also!

A wéi ass et bei eis?

Zu Lëtzebuerg hunn d’Konsumenten scho méi wéi 19 Milliounen Euro fir Fairtrade-Produiten ausginn. Duerch eng steeteg Hausse vum Konsum vun dëse Produiten läit de Grand-Duché mëttlerweil op Platz 6 vun de Länner mat dem héchste Konsum u Fairtrade-Produiten. Iwwer 200 Geschäfter bidden dës fair Produiten un, sief et am Supermarché, an Duerfgeschäfter oder bei Grousshändler.

Fairtrade Lëtzebuerg

© Fairtrade Lëtzebuerg

An dësem Kontext ass et flott, datt och Fairtrade Lëtzebuerg op hirem Site nieft ganz villen Informatiounen a Geschichten vu Produzenten aus de verschiddenste Länner, zur Chrëschtzäit een Online-Adventskalenner ugebuede gëtt, wou een d’Chance huet flott Präisser ze gewannen a säi Wëssen ze erweideren. Den Adventskalenner fannt Dir ënnert www.fairtrade-advent.org.

Related topics Adventskalenner, Baueren, Fairtrade, Fairtrade Lëtzebuerg, Landwirtschaft
Next post Previous post